Unzeeche vu Mëssbrauchsfäll bei Kanner: Professioneller aus de Bildungs- a Betreiungsstrukturen éischten Uspriechpartner?

Leider kennt et ëmmer erëm vir, dass Professioneller aus dem sozio-edukative Beräich feststelle mussen, dass Kanner oder Jugendlecher kierperlechem, sexuellem oder psychologesche Mëssbrauch ausgesat sinn.

D’Personal aus de Crèchen, de Maisons Relais, de Schoulen an de Lycéeë verbréngt vill Zäit mat de Kanner a gëtt esou oft zu engem éischten Uspriechpartner vu Jonken, déi Gewaltsituatiounen erliewen. Well gläichzäiteg awer vill Kanner, déi an engem abusiven Ëmfeld opwuessen, sech net trauen explizitt iwwert hier traumatesch Erliefnesser ze schwätzen, mussen déi Professionell aus de verschiddene Bildungs- a Betreiungsstrukturen och op bestëmmten Unzeeche bei de Kanner oppassen, déi als Signal fir eng Form vu Mëssbrauch ze verstoe kéinte sinn.

An deem Zesummenhang huet den Sven Clement de Ministeren fir Bannenzeg Sécherheet & Bildung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Mëssbrauchsverdachtsfäll u Kanner goufen an de leschte 5 Joer pro Joer vu Säite vu Persounen aus dem Bildungs- an Erzéiungssecteur bei der Police gemellt ?
  2. Wéi séier reagéiert d’Police an esou engem Fall an der Moyenne? Geet d’Police all Verdachtsfall no?
  3. Wéi vill Beamte këmmeren sech bei der Police ëm Signalementer vu Mëssbrauchsfäll?
  4. Wéi ginn d’Aarbechten an d’Fäll an dësem Beräich prioriséiert, wann eng Surcharge virläit? Ginn et do bestëmmten intern Richtlinnen?
  5. Wéi vill Iwwerstonne sinn an deene leschte 5 Joer pro Joer bei deene Beamten, déi sech em d’Aarbechten am Zesummenhang mat Signalementer vu Mëssbrauchsfàll këmmeren, ugefall? Plangt de Minister dës Unitéit ze vergréisseren?
  6. Wéi eng aner Méiglechkeete wéi e Signalement bei der Police hu Professioneller aus dem Bildungs- an Erzéiungswiesen, fir Jonker virun engem abusiven Ëmfeld ze schützen?

Zesummenhang posts

Fir d’Sécherheet an eiser Gesellschaft ze garantéieren, brauch et ee staarke Rechtsstaat. Ee staarke Rechtstaat bedeit, dass Strofdoten erkannt, verfollegt a sanktionnéiert ginn. De
Universitéits- an Héichschouldiplomer, déi een am Ausland erhält, muss een zu Lëtzebuerg an de Registre des Titres androe loossen, wann een se hei am
An engem Interview mat RTL huet de Wunnengsbauminister wësse gedoen, dass de Staat wäert 2 Projeten an der Stad an am Süde vum Land