Privat Sécherheetsdéngschter am Asaz fir d’Police

An engem RTL-Artikel vum 25. November war ze liesen:

“RTL-Informatiounen no iwwerhëlt eng privat Sécherheets-Firma d’Surveillance am Garer Quartier, mä och an der Uewerstad bis Enn Januar, dat op Basis vun enger Decisioun vum Stater Schäfferot. […]

Ënnerwee sinn also wärend dem Dezember a Januar Ekippe vu Sécherheets-Leit mat Hënn, eng Aktioun, déi Visibilitéit um Terrain soll markéieren an och mat der Police an dem Stater Geschäftsverband ofgeschwat gouf. D’Police-Präsenz um Terrain soll deemno vu private Security-Leit ënnerstëtzt ginn.”

An deem Zesummenhang hu mir dem Minister dës Froe gestallt:

  • Kann de Minister d’Informatiounen aus dem Artikel konfirméieren?
  • Wéi eng Kompetenze kréien d’Employéeë vun der privater Sécherheetsfirma?
    Woura wäert hier Aufgab bestoen?
  • Firwat goufen Aufgabe vun der Police un eng privat Sécherheetsfirma ofginn?

Verlaf an der Chamber

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen