D‘Piraten distanzéieren sech vun Haasskommentaren op de soziale Netzwierker.

D‘Piraten distanzéieren sech vun Haasskommentaren op de soziale Netzwierker a wieren sech géint de Virworf vun der Verbreedung vun Falschinformatiounen am Kontext vun der Diskussioun ëm Muffelproblematik. D‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet annoncéiert am Kontext vun den Kommentarer ënnert engem Piraten-Facebook-Post zum Thema vun der Juegd op d‘Muffelen zu Iechternach d’Autoritéite wëllen Read more…

D’Pirate wëllen ee Biergerrot nom belsche Modell

D’Pirate setzen sech dofir an, dass DENG Stëmm zielt.

D’Ostbelge weist wéi et geet: ee Biergerrot gëtt agefouert, d’representativ Demokratie gëtt moderniséiert. Dat ass Matbestëmmung am 21ten Joerhonnert! Mir si gespaant, wéi dëse Projet an der Ostbelge funktionéiere wäert.

D’Pirate begréissen de Schrëtt zu méi Demokratie a mir setzen eis och zu Lëtzebuerg dofir an, dass esou ee Biergerrot agefouert gëtt. Dofir schaffe mir un engem Gesetzesvirschlag fir esou e Biergerrot op d’Been ze stellen.

(more…)

Communiqué de presse zum “Geheime Casier”

D’Piratepartei warnt viru Spekulatiounen a wëll ofwaarden bis d’Regierung an der Affär « Geheime Casier » fir Transparenz gesuergt huet. D’Piratepartei fuerdert weiderhin mat Nodrock eng transparent, kloer an differenzéiert Opklärung vun der Situatioun. Et handelt sech beim « Fichier Central » em sensibel Donnéeën, di d’Privatliewe vun de Biergerinnen Read more…

D’Pirate fuerderen d’Opklärung am Dossier vum “Geheime Casier”

D’Piratepartei fuerdert d‘Regierung op, am Dossier „Geheime Casier“, hir Responsabilitéit ze huelen. Den Dossier „Geheime Casier“ werft Froen ob. Fir d‘Piratepartei bleift bis well onkloer wéi eng Donnéeën am „Fichier central“ vun der Police iwwert d‘Biergerinnen a Bierger gespäichert ginn. D‘Piratepartei sprécht sech explizit fir den Schutz vun der Privatsphär, Read more…