D’Pirate fuerderen d’Opklärung am Dossier vum “Geheime Casier”

Published by Piraten on

D’Piratepartei fuerdert d‘Regierung op, am Dossier „Geheime Casier“, hir Responsabilitéit ze huelen.

Den Dossier „Geheime Casier“ werft Froen ob. Fir d‘Piratepartei bleift bis well onkloer wéi eng Donnéeën am „Fichier central“ vun der Police iwwert d‘Biergerinnen a Bierger gespäichert ginn.

D‘Piratepartei sprécht sech explizit fir den Schutz vun der Privatsphär, e Recht op Vergiessen an eng transparent Opklärung aus.

D‘Regierung ass invitéiert am Dossier „Geheime Casier“ hir Responsabilitéit ze huelen.

Mir Piraten lehnen all Form vun Iwwerwaachung vun éierleche Bierger a Biergerinnen konsequent of.

Méi Détailer zu dësem Thema


Leave a Reply

Your email address will not be published.

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.