Fail: De Péitenger Schäfferot well Aussepolitik maachen, a scheitert.

De Péitenger Schäfferot huet dës Lescht ee Vott am Gemengerot iwwert déi Lëtzebuergesch Atompolitik gefrot. De Schäfferot wollt sech der weltwäiter Atompolitik unhuelen, an huet driwwer ofgestëmmt op de Lëtzebuerger Staat soll den ICAN Vertrag ënnerschreiwen. Et kann een sech Fro stellen, wisou gräift de Péitenger Schäfferot an d’Aussen- a Sécherheetspolitik an? An der Gemeng Read more…

Covoiturage zu Lëtzebuerg – firwat gëtt net op erfollegräich Léisunge gesat?

A menger parlamentarescher Fro n°138 hat ech d’Regierung ëm Informatiounen zu der Copilote-App gefrot. D’App war entwéckelt ginn, fir de Covoiturage zu Lëtzebuerg ze fërderen. Allerdéngs war d’App keen Erfolleg. Trotz Publicitéitscampagnen am Wäert vun 179.949€ (Stand Januar 2019) huet d’App net den Uklang bei de Notzer vum Covoiturage fonnt a gouf an eng aner App mam Numm Klaxit agegliddert. An anere Länner existéieren awer schonns zënter Jore ganz erfollegräich Covoiturage-Appen, als bekannteste Beispill sinn nëmmen UBER, LYFT oder BLABLACAR ze nennen.

Weiterliesen