Leasing – Kilometergeld

Leasing fir Particulieren gewënnt ëmmer méi u Popularitéit zu Lëtzebuerg an ass e flotte Moyen fir ënnert anerem och d’Elektromobilitéit no vir ze dreiwen. An der grousser Majoritéit vun de Fäll enthalen déi betraffe Kontrakter eng Limite u Kilometer, déi een am Kontrakt oder pro Joer fueren dierf. Fiert ee méi Kilometer, wéi déi, di virgesi sinn, bezilt ee pro Kilometer, deen iwwert der Limitt läit, en am Viraus definéierte Kilometerpräis. Fiert ee manner Kilometer wéi virgesinn, gesäit de Kontrakt näischt vir.  

An villen europäesche Länner, och zum Beispill an Däitschland, gëtt et e Modell wou och de lescht genannte Fall berücksichtegt gëtt. Konkret kritt ee pro Kilometer, deen ee manner gefuer ass wéi dat wat am Kontrakt virgesinn ass, een am Viraus definéierte Montant pro KM zréck. Dëst ass gläichzäiteg och eng Incitatioun fir vill betraffe Leit, fir manner Kilometer mam Auto zréckzeleeën a méi oft op en alternatiivt Transportmëttel zeréckzegräifen. 

An deem Zesummenhang huet de Marc Goergen der Madamm Ministesch dës Fro gestallt:

  1. Wéi steet de Ministère zu dëser Observatioun?
  2. Ginn et Méiglechkeeten iwwer Sensibiliséierung a Gespréicher um Terrain déi betraffen Acteuren zu esou engem Modell ze incitéieren? 

Fro Nummer 1168

An der Chamber

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt