Congé pour raisons familiales – Eng Demande an nëmmen engem Schaffdag maachen an accordéiert kréien?

D’Piraten hunn 2 dringend Froen un déi zoustänneg Ministere gestallt, fir ze wëssen, wéi d’Leit an nëmmen engem Schaffdag hire Congé pour raisons familiales liés au Covid-19 kënnen ufroen an accordéiert kréien.

Den 20te Mee 2020 am koum owes de Formulaire eraus, fir eng Verlängerung vum “congé pour raison familiales lié à la pandémie covid 19” ufroen ze kënnen. Den 21te Mee war ee gesetzleche Feierdag, soudass nëmmen nach de Freiden als Wochendag iwwreg bleift, fir de Formulaire virum Auslafe vum ale Congé auszefëllen an ofzeschécken. Op guichet.lu steet des Weidere geschriwwen: 

“Une nouvelle demande du congé pour raisons familiales est à introduire même si vous avez déjà effectué une demande avec le formulaire qui a été mis en ligne le 30 mars 2020.“

An deem Zesummenhang hu mir dem Aarbechtsminister dës Froe gestallt:

  1. Wei kann eng Persoun zäitlech, an nëmmen engem Schaffdag, ee Formulaire ausfëllen, ofschécken an eng Äntwert erwaarden?
  2. Falls Persoune bis de Méinden, de 25te Mee keen Accord vum Ministère op hire Congésdemande kréien an duerch hire Kanner doheem bleiwen mussen, kéint dëst als Refus de Travail consideréiert ginn oder sinn d’Salariéeën hei op iergend eng Weis geschützt ?
  3. Op guichet.lu steet :“Le parent qui a recours au congé pour raisons familiales doit informer son employeur au plus vitede manière orale ou écrite en indiquant le début et la fin du congé. “Esou munch Betriber hunn de Bréckendaag am Mee allerdéngs genotzt, fir net ze schaffen. 
    • Wéi kënnen dës Salariéeë virum 25te Mee de Patron iwwert dëse Formulaire informéieren? 
    • Wéi soll ee Patron seng Schichtepläng vum 25te Mee richteg opstelle kënnen, wann hie fréistens den Dag selwer eng Äntwert vu sengem Salarié kritt?
  4. Kann ee Patron vu sengen Ugestellten verlaangen während dem Congé pour raisons familiales iwwer PC oder Handy disponibel ze sinn oder verschidden Aufgaben ze iwwerhuelen?
    • Falls nee, wéi stellt de Minister sécher, dass sech och doru gehale gëtt?

Dës Weideren hu mir de Ministere fir Bildung an Ëffentlechen Déngscht folgend Froe gestallt:

De 25te Mee, also dëse Méinden, muss déi komplett Schoulorganisatioun stoen. De Formulaire selwer kann awer erréicht Freides den 22. Mee ausgefëllt an ofgeschéckt ginn. 

  1. Wiesou gouf et vu säitens vun der Regierung kee Formulaire, mat deem d’Staatsbeamten a Staatsugestellten d’Demande fir de Congé mat enger längerer Virzäit hätte maache kënnen?
  2. Falls Beamten bis de Méinden keen Accord op hire Congésdemande kréien an duerch hire Kanner doheem bleiwe mussen, stellt dës ee Refus de Travail duer oder sinn d’Beamten an dësem Fall geschützt?
  3. Kann de Staat vu sengen Ugestellten verlaangen während dem Congé pour raisons familiales iwwer PC oder Handy disponibel ze sinn oder verschidden Aufgaben ze iwwerhuelen?
    • Falls nee, wéi stellen d’Ministere sécher, dass sech och doru gehale gëtt?
  4. Wéi kann d’Schoulorganisatioun, ugesiichts vun der Ongewëssheet vun de Präsenzen beim Schoulpersonal, fir d’nächst Woch séchergestallt ginn?

Froen Nummer 2261 & 2262

Zesummenhang posts

D’Piraten hu sech iwwert déi lescht Joren fir den TICE staark gemaach mam Ziil, den Erhalt vum ëffentleche Bussyndikat ze garantéieren an eng Privatiséierung
D’Naturschutzgesetz soll d’Natur an d’Ëmwelt schützen an dozou bäidroen, fir eise Planéit an engem gesonden Zoustand ze hannerloossen, deen d’Iwwerliewe vu Mënsch an Déier