Secherheetslück bei der iOS-Mail-App

D’Bundesamt für Sicherheit und Informationstechnik an Däitschland (BSI) warnt an engem Communiqué, dass d’iOS-Mail-App vun enger Secherheetslück betraff ass. De BSI schreift:

Das BSI schätzt diese Schwachstellen als besonders kritisch ein. Sie ermöglicht es den Angreifern, weiteTeileder Mail-Kommunikation auf denbetroffenenGeräten zu manipulieren. Es steht zudem aktuell kein Patch zur Verfügung. Damit sind TausendeiPhones und iPads von Privatpersonen, Unternehmen und Behörden akut gefährdet. Wir sind im Austausch mit Apple und haben das Unternehmen aufgefordert, hier schnellstmöglich eine Lösung zur Sicherheit ihrer Produktezu schaffen.”

De BSI recommandéiert doropshin d’Läschen an d’Desynchronisatioun vun der iOS-Mail-App, fir Geforen aus dem Wee ze goen.
Wéi d’Regierung mir an enger parlamentarescher Fro vun 2019 geäntwert hat, lafe ronn 31% vun de mobile Geräter beim Staat op iOS–Systemer. Grad elo wärend der COVID-19-Pandemie schaffe vill Beamten vun doheem aus iwwert den Internet, wat de Risiko fir den Datendéifstall erhéijt.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Sinn der Regierung an de leschte Woche Fäll vun Datendéifstall baséierend op der viru genannter Secherheetslück bekannt ginn?
  2. Hunn déi zoustänneg Ministeren d’Beamten, déi beim Staat schaffen, op d’Secherheetslück opmierksam gemaach, fir Geforen aus dem Wee ze goen?

Zesummenhang posts

D’Regierung well méi bauen a méi séier bauen an huet dofir d’lescht Joer am Juni verschidde Moossnahmen ugekënnegt, dorënner den nouveau partenariat public-privé (PPP)
Iwwert 5.000 Persoune schaffe bei den CFL mam Zil, fir Lëtzebuerg um Rullen ze halen. An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°949 hat
Op Social Media ass ee Post ze gesinn, op deem eng Awunnerin zu Luerenzweiler op d’Situatioun der Zuchbarrière an der Rue de l’Alzette opmierksam