Deprecated: Use of "self" in callables is deprecated in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/a2-optimized-wp/core/A2_Optimized_CacheEngine.php on line 119
Refuséiere vu Boergeld a Geschäfter – PIRATEN
Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

Refuséiere vu Boergeld a Geschäfter

Wärend der COVID-19-Pandemie setzen ëmmer méi Entreprisen op boergeldlos Bezuelmethoden. Aus dësem Grond ass och d’Limitt vum kontaktlose Bezuelen vu 25€ op 50€ eropgehuewe ginn. Dës Mesure gëtt an éischter Linn als als Hygiènesmesure duergestallt, allerdéngs hat d’europäesch Zentralbank no enger Etüde vum Robert Koch Institut kommunizéiert, dass d’Euro-Geldschäiner manner Haftungsfläch hunn, wéi zum Beispill glat Plastikskaarten. 

Elo ass et awer esou, datt verschidden Entreprisen d’Bezuele mat Boergeld an hire Geschäfter refuséieren, wat virun allem Leit benodeelegt, déi keng Bankkaart hunn. Heirënner falen natierlech an éischter Linn Mënschen vum drëtten Alter, awer och méi aarm Mënschen, déi keen Accès op ee Bankkonto an/oder eng Bankkaart hunn.

Wéi d’Regierung mir schonns an der parlamentarescher Fro n°846 geäntwert hat, gesäit weder déi europäesch nach déi national Legislatioun Limitten fir d’Bezuele mat Boergeld vir. Och am Reglement d’Urgence vun der Regierung si bis elo keng spezifesch Mesuren an der Hisiicht getraff ginn an dofir ass d’Refuséiere vu Boergeld och wärend der COVID-19-Pandemie net erlaabt. De Wirtschaftsministère schreift op senger Website, dass d’Bezuele mat Boergeld kee Risiko duerstellt a verweist hei gläichermoossen op d’Etüd vum Robert Koch Institut.

D’Realitéit ass allerdéngs eng aner an och d’ULC hat a verschiddene Communiquéen schonns drop opmierksam gemaach, dass vereenzelt Geschäfter Boergeld refuséieren. 

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Wat kënnen d’Ministeren– ausser Verweiser op d’Gesetz an op d’Studie vum Robert Koch Institut – ënnerhuelen, fir ze verhënneren, datt Geschäfter Boergeldbezuelunge refuséieren?
  2. Wéi huet sech den Undeel vun den Transaktiounen, déi mat Boergeld bezuelt ginn, zënter dem Ufank vum Confinement zu Lëtzebuerg entwéckelt? Kënnen d’Ministeren eng Verréngerung vu Boergeldbezuelunge feststellen?
  3. Stellt d’Refuséiere vu Boergeld eng Infraktioun vum Gesetz duer a falls jo, wéi eng Strofe kënnen heifir geschwat ginn? 
    • Falls Strofen existéieren, firwat gouf an de Fäll –  wéi d’ULC se nennt – keng Strofen ausgeschwat? 
    • Falls keng Strofen a keng Jurisprudenz existéiert, misst d’Regierung hei net nobesseren?

Fro Nummer 2111

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll