Wien ass bei net clôturéierte Faillitte responsabel fir de Bénéficiaire effectif am RBE anzedroen?

Duerch d’Gesetz vum 13te Januar 2019 gouf de Registre des bénéficiaires effectifs (RBE) agefouert. Säitdeem sinn d’Societéiten zu Lëtzebuerg opgefuerdert, den Notznéisser vun enger Entreprise oder ASBL ze identifizéieren. De leschten Delai dofir leeft den 30. November 2019 of. Am Gesetz steet allerdéngs näischt iwwert Societéiten, déi sech an enger Read more…

Ried zum Registre des bénéficiaires effectifs

Vott zum Gesetzesprojet 7217 iwwert d’Aféieren vun engem Registre des bénéficiaires effectifs

Här President, léif Kolleginnen a Kollegen, Léif Matbierger,

De Projet de loi 7217 ass d’Transpositioun vum Artikel 30 vun der EU Richtlinn 2015/849 a soll dozou déngen eise Finanzsystem weider géint de Blanchiment an den Terrorismus ze schützen. Mat deem Projet de Loi deen hei zum Vote steet, wäerten all d’Persounen, déi ënnert d’Definitioun vum Beneficiaire effectif falen, an ee Register agedroen ginn.

Weiderliesen