Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.
Ausgoend vun der EU-Direktiv 2015/849 an duerch d’Gesetz vum 13te Januar 2019 gouf de Registre des Bénéficiaires effectifs (RBE) zu Lëtzebuerg opgestallt mam Zil, fir méi Transparenz ze suergen an esou d’Geldwäsch an d’Finanzéierung vun illegalen Aktivitéiten ze ënnerbannen. Den RBE gëtt vum Luxembourg Business Register (LBR) verwalt, engem Groupement d’Intérêts économique, an deem de Staat, d’Chambre de Commerce an och d’Chambre des Métiers vertruede sinn. All Societéit hei am Land muss an dësem Register deklaréieren, wien den Eegentemer vun der Societéit ass, fir ze weisen wien d’Kontroll iwwert d’Societéit ausüübt.
Fir sech an de Register anzeschreiwen, muss all Societéit – ob ASBL, Sàrl oder S.A. – online eng Demande beim RBE maachen a fir déi administrativ Käschte vun 15€ opkommen. Persounen, déi d’Demarche net kënnen oder wëllen iwwert den Internet maachen, kréien d’Méiglechkeet – fir 20€ Supplement – d’Deklaratioun an engem Guichet d’Assistance ze maachen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi ass et ze begrënnen, datt eng Prozedur, deenen d’Leit an Entreprisen sech mussen ënnerzéien, fakturéiert gëtt?
-
Wéi eng Käschte gi mat de 15€ Aschreiwungsfraise gedeckt?
-
Wéi eng Käschte gi mat den 20€ Supplement gedeckt?
-
Wéi vill Recetten huet den RBE bis ewell mat den Aschreiwunge generéiert?
-
Wéi vill Aschreiwunge goufen insgesamt iwwert de Guichet d’Assistance gemaach?
Fro n°2720
Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu
QP Nummer 2720