Ried zum Registre des bénéficiaires effectifs

Vott zum Gesetzesprojet 7217 iwwert d’Aféieren vun engem Registre des bénéficiaires effectifs

Här President, léif Kolleginnen a Kollegen, Léif Matbierger,

De Projet de loi 7217 ass d’Transpositioun vum Artikel 30 vun der EU Richtlinn 2015/849 a soll dozou déngen eise Finanzsystem weider géint de Blanchiment an den Terrorismus ze schützen. Mat deem Projet de Loi deen hei zum Vote steet, wäerten all d’Persounen, déi ënnert d’Definitioun vum Beneficiaire effectif falen, an ee Register agedroen ginn.

Déi Angschtmaacherei déi vun anere Säiten vun der Oppositioun opkomm ass, wou gefaart gëtt, dass ee Reverse Lookup méiglech wär, ass eise Informatioune no onbegrënnt. D’Artikelen 12 an 13 vum Projet de loi souwéi den Artikel 7 vum Reglement gesi kloer vir, dass eng normal Persoun net kann de Numm vun engem Bénéficiaire effectif net iwwer eng normal Recherche sichen.

Dat heescht dass de Public zwar Accès op dës Datebank kritt, et awer net esou ass dass mer all Bénéficiaire Effectiv seng Donnéeën op den Dësch leen wou an a Gefor bréngen. Dat géif jo och d’Benotzung vum Register zweckentfriemen wann jiddereen privat kéint groussflächeg Recherchen mam Numm vun enger Persoun maachen a wär jo och géint D’Dateschutzgesetzer.

D’Recht ee Beneficiaire nom Numm ze sichen behalen eis staatlech Autoritéiten, dat fënnt een dann am Artikel 8 vum Reglement, wou och steet, dass nëmme SI kenne Recherchen iwwert de Numm vum Bénéficiaire maachen. Dat mëscht an eisen Aen jo och Sënn. Et mëscht zum Beispill engem Steierbüro d’Recherchen zu Fäll vun Steierhannerzéiung vill méi einfach an effikass wann si direkt eng Persoun kennen iwwert ee Numm sichen.

Fir eis als Piraten ass et immens wichteg, dass de Spagat tëscht Dateschutz an Transparenz gehale gëtt. Mer däerfen et net erlaben, dass dem Beneficiaire seng Donnéeën mëssbraucht ginn. Gläichzäiteg musse mer eise Bierger an och eisem Staat kënnen d’Moyenne ginn, fir Steierhannerzéiung ze ënnerbannen.

Doriwwer eraus erfëllen mer mam Unhuelen vun dem Gesetz d’Oplagen vun der EU Richtlinn a sinn esou och endlech konform zur EU Gesetzgebung. Hei lount et sech ze erwänen, dass d’Transpositioun vun dësem Gesetz u sech scho laang hätt misste geschitt sinn.

D’Regierungsparteien hate nämlech säit 2015 Zäit fir an aller Rou kennen D’Richtlinn an eisem Gesetz ze verankeren. De 26. Juni 2017 war nämlech d’Deadline fir d’Gesetz ze transposéieren. Mer sinn haut den 18. Dezember 2018. Dat heescht, dass mer mat der Transpositioun vun dësem Text méi wéi annerhalleft Joer ze spéit sinn. Dass d’Regierung dann kuerz virun de Chrëschtfeierdeeg dat Ganzt hei nach duerchboxe wëll, fir enger Strof vun der Europäescher Unioun ze entgoen, mëscht d’Saach da lächerlech.

Ee weidere Kritikpunkt zu deem Register ass déi zukünfteg Rechtslag vun Asbl’en a Fondatiounen. Hei ass d’Fro, ween gëllt dann elo als Bénéficiaire effectif no Definition ? Aus Dateschutzgrënn kenne mer net all Member vun enger ASBL exposéieren. Den Artikel 9 vum Dateschutzgesetz vum 1. August 2018 gesäit de Schutz vun Date vir, déi op ethnesch, politesch, reliéis, philosophesch Iwwerzeegungen kennen deiten. Doduerch dass an eisem ASBL Gesetz awer Memberslëschten vun alle Veräiner mussen publizéiert ginn, stellt sech hei ee Widdersproch.

Dofir géif ech Iech, Här President, eng Proposition de loi zu deem Sujet iwwerreechen fir am ASBL Gesetz den Artikel zur Publikatioun vu Memberslëschten ze änneren.

Mer sollten den Asbl’en an de Veräiner keng Zäit klauen an d’Publikatiounspflicht fir Asbl’en ofschafen. Dëst am Sënn fir dem Benevolat ënnert d’Äerm ze gräifen.

Merci.

Zesummenhang posts

Bierger:innen a Betriber sinn oft op de Service vu staatleche Verwaltungen ugewisen. Verschidde Froen loossen sech effikass an effizient iwwert den direkte Kontakt mat
Déi zoustänneg Ministeren hu gëschter der Ëffentlechkeet de Bilan zur Asyl- an Immigratiounspolitik zu Lëtzebuerg virgestallt. An der zoustänneger Chamberskommissioun sinn awer verschidde Froen
 Ee WORT-Artikel vum 23ten Dezember 2024 hat informéiert, dass op der Schnellstreck vum Tram tëschent der Stad an dem Belval elo dach ee weideren