Juegdsyndikater

D’Juegdgesetz reegelt de Fonctionnement vun de Juegdsyndikater an d’Andeelung vum lëtzebuergeschen Territoire a Juegdlouser. Dës insgesamt 621 Juegdlouser gi vun de jeeweilege Juegdsyndikater, an deenen d’Terrainsbesëtzer vum Juegdlous matstëmmen, a Pachtverträg u Locataire verlount, déi dann op dësem Lous joen däerfen. All Juegdsyndikat huet an deem Abléck verschidde Fliichten, déi ze erfëlle sinn. Dozou gehéiert ee responsabelen Ëmgang mat de Finanze vum Syndikat am Respekt vun de Reegelen, wéi se am Juegdgesetz virgeschriwwe sinn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Dovun ausgoend, datt all Juegdsyndikat seng gesetzlech Oplagen disziplinaresch anzehalen huet, kann d’Madamm Ëmweltministesch mir fir d’Juegdjoer 2019/2020 een Tableau vun alle Juegdlousen opstellen, dee folgend Donnéeën enthält:
    1. Nummer vum Juegdlous
    2. Fläch vum Juegdlous (ausgedréckt an Hektar)
    3. Bejobar Fläch (ausgedréckt an Hektar)
    4. Järleche Loyer, dee fir d’Juegdlous un de Syndikat iwwerwise gëtt
    5. Järleche Loyer pro Hektar nom Artikel 43 Alinea 1
    6. Montant vum Droit spécial (Artikel 42)
    7. Remuneratioun vum Secrétaire-Trésorier (Artikel 28 Alinea 2)
    8. D’Zomm vum Loyer, déi de Membere vum Syndikat a Funktioun vun der Gréisst vun hirem Terrain ausbezuelt gouf (Artikel 43 Alinea 1 &2)
    9. Zomm vum Loyer, déi net un d’Memberen ausbezuelt gouf (Artikel 43 Alinea 4)
    10. Reschtbetrag an der Keess op den 31te Mäerz 2020
    11. Prozentsaz vum Punkt 8 par Rapport zu Punkt 4.
    12. Prozentsaz vum Punkt 9 par Rapport zu Punkt 4.
    13. Prozentsaz vum Punkt 7 par Rapport zum Punkt 6.

  2. Gëtt vu staatlecher Säit aus kontrolléiert, datt all d’Dossiere vun de Juegdsyndikater komplett a korrekt sinn? Falls jo, wéi vill Dossieren vu wéi ville Juegdlouse goufen an de leschten 3 Joer kontrolléiert? Wéi vill waren net konform?

  3. Wat geschitt mat den Dokumenter vun den ale Juegdsyndikater, nodeems déi nei Syndikater gewielt gi sinn? Mussen dës vum neie Juegdsyndikat konservéiert ginn a falls jo, fir wéi vill Joer?

  4. Doriwwer eraus besteet d’Méiglechkeet als Terrainsbesëtzer net Deel vun engem Juegdsyndikat ze sinn an d’Juegd op sengem Terrain ze verbidden. Wéi vill Terrainsbesëtzer sinn aktuell net Member bei engem Juegdsyndikat a maache Gebrauch vun hirem Recht, datt op hirem Terrain net soll gejot ginn? (Artikele 7 a 24)

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2704

Zesummenhang posts

Am Juli 2023 hat ech dem Minister e puer Froen zum Subside de Qualité+ an dem Règlement grand-ducal vum 23ten Dezember 2016 gestallt (Fro
Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.