Iwwert d’Juegdpraxis

Firwat ginn haut nach Léit op d’Juegd a brauche mir wierklech Klappjuegten?

Fréier war d’Juegd wichteg, fir d’mënschlecht Iwwerliewen ze sécheren. Haut ass se just nach d’Konsequenz vun enger iwwert Joerhonnerten undauernder Respektlosegkeet vis-à-vis vun der Natur. D’Europäer hunn an hirem Drang no Räichtum a Wuesstem dat natierlecht Gläichgewiicht gestéiert, verschidden Aarten ausgerott an anerer ausgesat a mussen elo kucken, wéi se d’Populatiounen an hire Bëscher iergendwéi a Mossen hale kënnen. Dat muss een sech bewosst sinn. Mir ginn haut net méi op d’Juegd fir eis ze ernären, mee fir ze probéieren, déi Feeler, déi an der Vergaangenheet gemaach goufen, iergendwéi erëm auszegläichen. Et wär ze hoffen, dass mir aus eise Feeler geléiert hunn, an haut dofir e méi respektvollen Ëmgang mat der Natur fleegen. Mee wann ee sech d’Praktik vun der Klappjuegd ukuckt, kann ee vun engem gesteigerteRespekt vis-à-vis vun Déieren a Planzen net schwätzen. D’Klappjuegd ass e grausamt „Event“. Oft gëtt virdrun (!) an och duerno gutt giess a gedronk, an d’Participanten huele virun allem aus Spaass un der Freed deel. Sämtlech Déieren – op vum Ausstierwe bedreet oder net – ginn a Panik versat a Planze vun alle Zorte gi vu Mënschen an Déieren zertrëppelt, geknéckt oder ausgerappt.

Engagéiert Jeeër, déi hier Juegd eescht huelen an oft dobausse sinn, sinn net op Klappjuegten ugewisen, fir genuch Déieren ze schéissen. Si beweegen sech roueg duerch de Bësch, huele Récksiicht op Planzen an Déieren, déi net geschoss ginn, a verléieren a kengem Moment de Respekt virun deem Déier, wat se joen. D’Klappjuegd ass dogéint eng antiquéiert Praktik, déi d’Freed vum Jeeër iwwert d’Wuel vun der Natur stellt a gehéiert dofir ofgeschaaft.

Firwat missten eist Waffen- a Juegdgesetzer dréngend iwwerschafft ginn?

Am Moment ass et gesetzlech net verbuede Waffen ze féieren, nodeems een Alkohol gedronk huet. En neit Waffegesetz soll dat an Zukunft zwar änneren, mee bis et esouwäit ass, ginn et keng gesetzlech Dispositiounen, déi et engem Jeeër verbidden, no e puer gudde Pätt mat senge Frënn nach op d’Juegdze goen. Do missten Iwwergangsmesure getraff ginn, bis dat neit Gesetz steet. 

Mee e méi strengt Gesetz eleng geet natierlech net duer. Ouni déi néideg Kontrollen duerch d’Police, déi kuckt, op sech och un d’Gesetzer gehalegëtt, wäert sech näischt änneren.

Um Juegdgesetz misst een d’Reegelen iwwert d’Aart a Weis wéi d’Juegdpachte am Moment verdeelt ginn änneren. Aktuell ginn dës un déi Leit versteet, déi am meeschte bezuelen. Et wär fir d’Bëscher a fir d’Déieren awer vill besser, wann net déi Jeeër mat de meeschte Suen, mee mat de beschte Fäegkeete géife Pachte kréien. D’Unzuel u Formatioune fir Jeeër missten och erop gesat ginn an d‘Prüfungen a reegelméissegen Ofstänn widderholl ginn, fir ze garantéieren, dass jiddereen, dee mat enger Waff am Bësch op d’Juegd geet, beschtméiglech ausgebilt ass. An deem Kontext wär och eng Professionaliséierung vun der Juegd denkbar. De Beruff vum Jeeër an eng entspriechend ëmfaassend Ausbildung, déi vum Staat ugebuede kéint ginn, géif erhieflech zu enger besserer Qualitéitssécherung bäidroen. 

Brauch ee Klappjuegte fir géint eng Ausbreedung vun der Schwéngspescht virzegoen?

De Bestand u Wëllschwäi wär net esou héich, wei en ass, wann méi professionaliséiert Jeeër a reegelméissegen Ofstänn géifen eenzel op d’Juegd goen. Wann ee wochen- oder och méintlaang net nom Wëllschwäinbestand kuckt, an sech drop verléisst, dass ee bei enger Klappjuegdscho genuch Schwäi wäert fannen a schéisse kennen, dann huet een e Problem, wann d’Resultat vun där Juegd um Enn méi kleng ausfält ewéi geplangt. Dann huet een de ganze Bësch an Opreegung versat, Planzen an Déier geschuet, an huet trotzdeem säin Zil net erreecht.

Niewend enger méi reegelméisseger Juegd, déi am Aklang mam Natur an Déiereschutz ass, brauch et awer och besser Kontrollen, fir Jeeër, déi Wëllschwäi fidderen, fir se besser schéissen ze kennen, an hire Bestand op dës Aart a Weis fërderen, ze bestrofen. 

Zesummenhang posts

Am Juli 2023 hat ech dem Minister e puer Froen zum Subside de Qualité+ an dem Règlement grand-ducal vum 23ten Dezember 2016 gestallt (Fro
Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.