FRO.LU: Prozeduren bei der CNPD

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Mam Gesetz vum 1ten August 2018 gouf d’CNPD an d’Liewe geruff, déi am Kader vum EU-Dateschutzreglement (GDPR) dofir zoustänneg ass, dass d’Dateschutzgesetz zu Lëtzebuerg agehale gëtt. D’CNPD deemno als d’Police vum Dateschutz ze begräifen an huet dofir och laut Gesetz déi néideg Kompetenzen, fir kënnen z’enquêtéieren, Decisiounen ze huelen an am Fall vun Infraktiounen ze sanktionéieren. Fir dës Aufgaben ze erfëllen, kritt d’CNPD genuch finanziell Moyenen aus dem Budget bereetgestallt. Tëschent 2016 an 2020 gouf de Budget verdräifacht (aktuell 6,6 Milliounen Euro).

Den Artikel 37 vum Gesetz am Zesummenhang mam Artikel 44 vum Dateschutzgesetz vun 2018 leeë fest, dass souwuel d’CNPD wéi och all d’Biergerinnen a Bierger d’CNPD aschalte kënnen, fir bei der CNPD eng Reklamatioun anzereechen, fir eng Violatioun vum Dateschutzgesetz z’iwwerpréiwen. D’CNPD kann dann op Basis vum Artikel 38 vum si betreffende Gesetz eng Enquête duerchféieren. Op Basis vun dëser Enquête gëtt dann nom Artikel 41 eng Decisioun ausgeschwat, déi ënnert anerem och Strofe mat sech zéie kënnen (Artikelen 48 an 49). Dës Decisioun muss motivéiert, ënnerschriwwen an nummeréiert sinn (Artikel 12 vum Règlement d’Ordre intérieur vun der CNPD).

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Am ROI vun der Dateschutzkommissioun maachen den Artikel 12 an 13 den Ënnerscheed tëscht Decisiounen, déi no enger Enquête gemaach ginn (1) a sougenannten “aneren” Decisiounen (2). Am Gesetz ass net vun “aneren Decisiounen” riets. Wéi eng Artikelen aus dem Gesetz bilden d’Base légale vun dësen “aneren Decisiounen”, déi am ROI ze fanne sinn an no wéi enge Krittären entscheet d’CNPD, ob eng Reklamatioun eng Enquête mat sech féiert oder net?

  2. Wéi vill Reklamatioune vu Persoune sinn zënter 2018, opgelëscht no Joer, bei der CNPD agaangen?
    1. Wéi vill dovunner hunn eng Decisioun nom Artikel 41 vum Gesetz betreffend d’CNPD mat sech bruecht?
    2. Wéi vill dovunner hunn eng Decisioun op Basis vum Artikel 12, Alinea 3 vum Règlement d’Ordre intérieur vun der CNPD no sech gezunn?

  3. Wéi vill Reklamatiounen a wéi vill Enquêtë sinn aktuell nach en Cours de Traitement?

  4. Wéi laang sinn d’Delaien (Moyenne a Medianwäert) tëschent dem Arreeche vun enger Reklamatioun an
    1. der Decisioun, déi op Basis vum Artikel 41 vum Gesetz betreffend der CNPD getraff ginn?
    2. der Decisioun, déi op Basis vum Artikel 12, Alinea 3 vum Règlement d’Ordre intérieur vun der CNPD getraff ginn? (sougenannten “aner Decisiounen”)

  5. Wéi vill Decisioune goufe
    • bannent 3 Méint nom Arreeche vun der Reklamatioun geholl?
    • no méi wéi 3 Méint nom Arreeche vun der Reklamatioun geholl?
    • no méi wéi 6 Méint nom Arreeche vun der Reklamatioun geholl?
    • no méi wéi 12 Méint nom Arreeche vun der Reklamatioun geholl? Falls Leschteres zoutrëfft, wei erkläert de Minister, dass Reklamatioune méi wéi 12 Méint opstinn?

  6. Wéi vill Mol zënter 2018, opgeschlësselt no Joer, hu Persounen der CNPD ee “Data Breach” gemellt? Wéi oft goufen déi Betraffen iwwert dësen informéiert?

  7. Wéi vill Sanktioune goufen zënter 2018, opgeschlësselt no Joer an no Héicht vun der Strof, vun der CNPD ausgesprach?

  8. Existéiere Fäll, an deenen d’CNPD de Plaignante prinzipiell Recht gëtt an awer keng Aktioun ënnerhëlt, fir géint ee Verstouss vum Dateschutzgesetz virzegoen? A wéi enge Fäll trëfft dës zou?

  9. Ass de Minister der Meenung, datt d’CNPD méi Moyene brauch, fir effektiv schaffen ze kënnen?

Fro n°2657

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2657

Zesummenhang posts

Däitsch Medie mellen, dass Däitschland een Accord mat Israel fonnt huet, fir Rackéitenofwiersystemer vum Typ “Arrow 3” ze kafen. Laut Berichter sollen dës Ofwiersystemer
D’Piratepartei huet den 3ten Oktober op enger Pressekonferenz Léisungen fir eng gerecht Stéierpolitik presentéiert. D’Presentatioun gouf vum Sven Clement, eisem nationale Spëtzekandidat, an och
Den 18ten Oktober invitéiert de Chef d‘État Major vun der Arméi op ee Concert mam Titel „Fënnef Joer Engagement fir d‘Arméi“. Dësen Owend, zu