FRO.LU: Remboursemente vun Doktorsrechnungen

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

D’Opstelle vu Dokteschrechnungen ënnerleit strenge Reegelen, déi an enger Konventioun tëscht der CNS an der AMMD souwéi an enger spezieller Nomenclature festgehale sinn. Fir d’Patienten(innen) ass et awer net ëmmer evident an iwwersiichtlech erauszefannen, wat genee Dokteren an hire Consultatiounen verrechnen, och wann d’Gesondheetskeess fir dësen Zweck den Online-Tool “Rechnungen verstehen” op hirem Site ubitt.

Et kënnt vir, datt op verschiddene Rechnungen de Code “Divers” optaucht, deen an der Nomenclature als Code net esou virgesinn ass. Aner Consultatiounen ginn als “Consultatioun majorée” verrechent, woubäi den Dokter de Rendez-vous zu engem méi héijen Tarif verrechne kann. 

Als Patient(in) ass een éischter de “maillon faible” am Vertrauensverhältnis mam Dokter an dofir stellt de/d’ Patient(in), an der Reegel, d’Richtegkeet vun enger Dokteschrechnung beim Bezuelen net a Fro.

D’Iwwerraschung fir d’Patienten(innen) ass allerdéngs grouss, wann se an hire Remboursementen vun der CNS feststelle mussen, datt zum Deel méi héich verrechent Montanten, zum Beispill bei enger widderhueltener “Consultation majorée”, net ganz vun der CNS iwwerholl ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. A wéi enge Fäll kann een Dokter de Code Diagnostique “Divers” verrechnen a wéi héich däerf dëse Montant sinn? Gëtt dëse Code an alle Fäll vun der Gesondheetskeess rembourséiert? 

  2. U wien kann de Patient sech wennen, wann hien d’Gefill huet, dass seng Dokteschrechnungen net de Prestatioune vum Dokter entspriechen?

  3. Wéi ass garantéiert, datt de Patient virun der Consultatioun iwwert di méiglech Käschte vun enger Consultatioun informéiert ass? 

  4. Wéi bewäerten d’Ministeren d’Iddi, datt d’Dokteren, en Amont vun enger Consultatioun, hier Tariffer op enger Platz an hirem Cabinet (z.B. op engem Plakat) oder op enger Website misste publizéieren? 

Fro n°2993

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2993

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat