FRO.LU: Steiererklärungen

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Wéinst der Covid-19-Pandemie gouf dëst Joer den Delai fir d’Areeche vun der Steiererklärung fir d’Joer 2019 bis d’Enn vum Joer 2020 verréckelt. U sech hätten d’Contribuabel hier Deklaratioun bis den 31te Mäerz 2020 missten areechen, mee ugesiichts vum Ausbroch vun der Pandemie Mëtt Mäerz hat d’Chamber enger Verlängerung vun den Delaien zougestëmmt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi laang dauert am Duerschnëtt den Traitement vun enger Steiererklärung dëst Joer par Rapport zu viregen Exercicen?

  2. Wéi vill Steiererklärungen mussen nach fir d’Steierjoer 2019 deposéiert ginn?

  3. Wéi vill Steiererklärungen aus de Joren 2016, 2017 an 2018 sinn zum haitegen Zäitpunkt nach net clôturéiert? 

  4. Wéi vill Steiererklärungen aus deene virege Jore sinn nach net clôturéiert, well d’Contribuabel hire Remboursement nach net kruten?

Fro n°2955

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2955

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt