Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.
D’Regierung huet an de leschte Wochen eng Rei Hëllefe fir ugeschloen Entreprisen ugekënnegt, déi vun der Covid–19–Pandemie wirtschaftlech getraff goufen. Dës Hëllefe sinn u verschidde Konditioune gebonnen, wéi zum Beispill, datt d’Entreprise am leschte Joer e Chiffre d’affaires vu mindestens 15000€ virweise kann. Déi aner Konditioun ass, dass de Chida vun der Firma ëm mindestens d’Hallschent muss agebrach sinn an , dass dësen Abroch op d’COVID-19-Pandemie zereckzeféiere muss sinn.
Dës Konditiounen schléissen sécherlech eng Rëtsch vu klengen a jonken Entreprisen aus, well de Chiffre d’affaires, virun allem als jonk Entreprise, vu Mount zu Mount variéiere kann. Obwuel et sektoriell Ënnerscheeder ginn, besteet de Risiko, datt nei Entreprisen, déi nach keng etabléiert Clientèle hunn, iwwerduerchschnëttlech vun der Coronakris betraff kéinte ginn, well ënnert Anerem ëffentlech Evenementer, déi essentiell sinn, fir den Networking a fir nei Clienten ze fannen, bis op Weideres net stattfannen duerften. Ee(weideren) Kredit an Zäite vun zousätzlecher Onsécherheet unzefroen, wäert fir vill jonk Entreprisen net a Fro kommen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi gedenkt d’Regierung eng massiv Well vu Faillitte vu klengen a jonken Entreprisen ze verhënneren? An deem Zesummenhang: wat mécht eng Entreprise, wann se trotz den Hëllefe vum Staat zuelungsonfäeg gëtt?
-
Wéi evaluéiert d’Regierung d’Iddi – an der Zäit nom Confinement – verschidden ëffentlech Ausschreiwunge geziilt u kleng Entreprisen ze riichten oder dofir ze suergen, datt kleng Entreprisen net duerch verschidde Krittären, wéi de Chiffre d’affaires oder d’Equipement, ausgeschloss ginn?
-
Wéi vill kleng a mëttelstänneg Entreprise sinn net eligibel fir d’Bäihëllefe vun de groussherzogleche Reglementer vum 25te Mäerz 2020 an dem 8ten Abrëll 2020, well se manner wéi 15000€ Chiffre d’affaires haten?
-
Viraussetzend, datt de Chiffre d’affaires vu Mount zu Mount variéiere kann, firwat huet d’Regierung d’Approche zeréckbehalen, de Chida vun enger kuerzer Period 2020 mat der Moyenne vum ganze Joer 2019 ze vergläichen? Sinn d’Ministeren hei der Meenung, dass dës Berechnung de wirtschaftlechem Exploit vun alle klengen a mëttleren Entreprisen differenzéiert genuch abegräift?
Fro n°2189
Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu
QP Nummer 2189