Aktivitéitsbericht 2020 vum Ombudsman

D’Piraten ënnerstetzen d’Ombudsfra an hir Equipe an hiren Aufgaben. Dofir hu mir bei der Presentatioun vum Rapport vun 2020 vun der Madamm Monti d’Chamber opgefuerdert, fir d’Recommandatioun 51 esou séier wéi méiglech ëmzesetzen. Eis Resolutioun ass an d’Kommissioun verwise ginn (9.06.2022).

 

Context:Aktivitéitsbericht 2020 vum Ombudsman

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • den Ombudsman an hir Equipe droen zu enger Verbesserung vun eise Verwaltungen bäi a sinn eng wäertvoll Ulafstell fir eis Biergerinnen a Bierger ;
  • den Ombudsman huet laut Artikel 2 vum Gesetz vum 22 August 2003 d’Aufgab, fir d’Uwendung vun internationale Konventiounen ze kontrolléieren ;
  • de Staat huet eng Verantwortung fir d’Etablissements de droit privé chargés d’une mission de service public ze kontrolléieren an dës sollten och vum Ombudsman kontrolléiert kënne ginn;
  • d’Biergerinnen a Bierger hu laut dem Code de conduite vun der Fonction publique ee Recht op eng Äntwert a sollten och ee Recht hunn, fir ze wëssen, wéini dës Äntwert spéitstens wäert kommen ;
  • d’Recommandatioun Nummer 51 schonn Deel vu virrechte Rapporte war, esou zum Beispill am Rapport 2018;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. d’Recommandatioun Nummer 51 vum Ombudsman bis 2023 ëmzesetzen.

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen