De Marc Goergen bei RTL an der fräi politescher Tribün

Kafkraaftverloscht, Präisdeierecht an Inflatioun.

Dat bedeit, dass du mat dengem aktuellen Akommes  dir nach manner kafe kanns, wéi virun e puer Méint. Fir dat ze verhënneren, hu mir hei am Land ee gutt Gesetz: den Index!

Wéi s du awer sécher matkrus beklauen déi 3 Regierungsparteien dech awer elo, a wëllen den Index op eng Tranche pro Joer reduzéieren. Dat, egal wéi schwéier, dass du et hues, fir iwwert d’Ronnen ze kommen.

Mir Piraten stinn hei kloer op der Säit vum OGBL  a stellen eis kloer géint de Sozialofbau vun der Regierung.

Mee dir wësst jo:

Wou d´Regierung, souguer a Form vum Chef, dem Premier himself direkt do war, dat ass zu Davos an der Schwäiz. Do konnt de Premier flott Fotoen mat de Milliardäre maachen, dat op Staatskäschten versteet sech.

Wärend een also duerch den Indexklau, esou Konzerner wei Microsoft, Amazon oder Arcelor Mittal vill méi Profitter a Form vu Milliounen Euro erméiglecht, bezils du elo hei am Land däi Steierkredit selwer a kriss trotzdeem keen Index bei.

Dat ass déi onfair Politik vun der Regierung Bettel 2. Déi gesäit een och ganz gutt an der Familljepolitik vun der DP.

An der Chamber war eng rezent Petitioun, déi gefrot huet, fir déi Elteren z’ënnerstëtzen, wou hier Kanner NET an eng Maison Relais oder Créche ginn.

Mir Piraten hunn de Petitionären direkt gesot, dass mir eng ganz änlech Iddi an eisem Programm vertrieden. Et sollt den eegenen Choix vun der Famill sinn, wéi si hiert Liewe gestallt.

Et ass Zäit, no 10 Joer Gambia-Regierung, dass du endlech erëm deng Stëmm kanns ofginn.

Ee Referendum wollten Regierungsparteien net, si wëssen wuel och wisou.

Den Datum vum Oktober 2023, den nächste Chamberswalen, deem Datum mussen awer och déi nach Regierungs Parteien sech stellen.

Mir Pirate sti fir eng méi modern a fair Politik.

Eng Politik fir dech, an net fir d‘Millionären.

Zesummenhang posts

D’Regierung well méi bauen a méi séier bauen an huet dofir d’lescht Joer am Juni verschidde Moossnahmen ugekënnegt, dorënner den nouveau partenariat public-privé (PPP)
Iwwert 5.000 Persoune schaffe bei den CFL mam Zil, fir Lëtzebuerg um Rullen ze halen. An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°949 hat
Op Social Media ass ee Post ze gesinn, op deem eng Awunnerin zu Luerenzweiler op d’Situatioun der Zuchbarrière an der Rue de l’Alzette opmierksam