Affär Da Costa: Ufro fir eng dréngend Sitzung vun der Ëmweltkommissioun

An engem Artikel vum 8 Juni am Lëtzebuerger Wort liest een eng Zeienausso, laut der den eemolege Chef vum Wëssenschaftler Jeff Da Costa soll an enger Reunioun gesot hunn, dass hie wéinst politeschem Drock den Här Da Costa misst entloossen an dass hien “mehrere Anrufe vom Wasserwirtschaftsamt” kritt hätt.

Dofir freet eis Sensibilitéit den President vun der Ëmweltkommissioun François Benoy (déi Gréng) , fir esou schnell wéi méiglech eng Kommissiounssëtzung zu dësem Thema anzeberuffen an den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt an dës Sëtzung z’invitéieren.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt