Ahoi léiw Memberen,
et ass nees Zäit fir den Newsletter!
Aktuelles:
Och dëse Mount dominéiert de Krich an der Ukrain an seng Reperkussiounen op d’ganz EU. Dir fannt wéi ëmmer eng ganz Réi Links zu eisen Positiounen vu den Ugrëffer vu Russland awer coh natierlech zu allen aner Themen wéi gewinnt hei drënner.
Wéi ëmmer leie bei enger Rei parlamentaresche Froe schonn d’Äntwerte vun der Regierung vir a bei aneren nach net. D’Äntwerte ginn ëmmer am Websäitebäitrag ënnert der Fro verlinkt, soubal dës virleien. Wann dir also virwëtzeg sidd, wat d’Regierung zu enger vun den nach net beäntwerte Froe wäert soen, surft roueg an e puer Wochen nach emol mat de Links aus dëser Mail op eiser Websäit laanscht a kuckt iech d’Äntwerten un.
Aarbecht:
Hei eng intressant Fro aus dem Mäerz vum Sven Clement, déi wéisst, dass der Regierung hier Projeten nach laang net ëmmer duerchduecht sinn:
Am PRR (Plan pour la reprise et la résilience) vun 2021 huet d’Regierung de Projet “Ditigal Skills” virgestallt, ee Projet, bei deem all Persoun, déi tëscht dem 1.01.21 an dem 31.03.21 am Chômage partiel war, ee Bong vu 500€ krut, fir digital Weiderbildungscoursen. D’Regierung hat sech als Zil gesat, dass 11’700 Persoune vun dëser Mesure profitéiere géifen.
De Problem op deen d’Piraten hei opmierksam gemaach hate war, dass Leit ouni digital Grond Kompetenze net bei online Course kéinte matmaachen. Dëst huet sech och an der Äntwert konforméiert.
Aus der Äntwert vum Minister geet ervir, dass nëmme 550 Leit matgemaach hunn. Dovunner ganz vill Leit, déi schonn een héische Schoulofschloss hunn, an ënner 35 Joer all sinn. Hei muss een also kloer soen, dass dës Mesure, fir Leit un Digitalisatioun erun ze féieren, déi nach net vertraut domat sinn, definitiv ee Schoss an d’Waasser war.
https://piraten.luprojet-digital-skills/
Aussepolitik:
Den éischte Mäerz gouf an der Chamber de Bilan zur Konferenz iwwert Zukunft vun Europa gezunn. Et war ee ganz flotten, basisdemokratesche Projet vun der EU, fir mat de Bierger eraus ze fannen, wou een als Unioun an Zukunft hiwëll.
Mir Pirate fannen awer och, dass d’Unioun nach vill méi oft muss op d’Bierger zougoen, a mat hinnen zesummen no Léisunge fir de Klimawandel, fir d’Mobilitéitsproblemer an de Jugendchômage muss fannen. Hei fann dir dem Sven Clement seng ganz Ried zu dësem Thema: https://piraten.luorienteierungsdebatt-iwwert-dzukunft-vun-europa/
Am Mäerz war awer natierlech een Thema dominant: den Ukrain Krich.
Hei fannt dir Videoen, QPen a Communiquéen, wou d’Positioun vun der Partei duerleeën, déi een esou kéint resuméieren:
D’Pirate wëllen Hëllefe fir d’Ukrain, humanitär grad ewéi militäresch. Mir wëllen, dass déi Leit déi flüchte bei eis adequat ënnerbruecht ginn, ouni awer dass aner Asyldemandeuren drënner leiden dierfen. Hei dierf et keng 2 Klasse Gesellschaft ginn. Och muss Lëtzebuerg konsequent all Sanktiounen op internationalem Niveau matdroen.
https://piraten.luaktualiteitsstonn-iwwert-dei-aktuell-situatioun-an-der-ukrain/
https://piraten.lustatement-iwwert-de-krich-an-der-ukraine/
https://piraten.luennerbrengung-fluchtlingen-wanteraktioun/
https://piraten.lurussesche-kulturgidder/
https://piraten.luofhangegkee-gas-russland/
Déiereschutz
https://piraten.luhausdeiere-vun-ukrainesche-fluchtlingsfamilljen/
Nodeems Russland d’Ukrain ugegraff huet, si vill Mënschen op Lëtzebuerg geflücht, verschiddener och mat hieren Hausdéieren. Op de sozialen Netzwierker war awer ze liesen, dass d’Leit hier Déieren net mat an d’Flüchtlingsheemer dierften huelen. Dat ass an eisen Aen herzlos an dofir si mer bei der Regierung intervenenéiert.
https://piraten.luaccidenter-mat-welldeieren/
Verschidde Leitbehapte jo gären, dass et zu ëmmer méi Accidenter mat Wëllschwäin kënnt, well et ëmmer méi Wëllschwäin gëtt an net genuch geschoss gëtt. Mir froen eis, ob net aner Faktoren, wéi zum Beispill d’Ofhalen vun enger Juegd, éischter ee Grond dofir sinn, dass d’Déieren op d’Strooss rennen.
Digitalisatioun
https://piraten.ludigital-steierklarung/
De „COFRID“ Projet gouf am Aktivitéitsbericht vum CTIE aus dem Joer 2015 ernimmt an huet d’Aussiicht op eng digital Steiererklärung bei der Steierverwaltung geweckt. Zanter dëm Aktivitéitsbericht fënnt een awer keng Rapporten méi doriwwer, wie et mam Projet COFRID weidergaangen ass.
https://piraten.lude-fuhrerschain-um-smartphone/
Den US-Bundesstaat Arizona huet et erlaabt fir offiziell Dokumenter, wéi d’Carte d’Identité oder de Führerschäin, an der Wallet vun Apple bereetzestellen. Mir wollte nofroen, op änlech Prozeduren bei eis virgesi sinn a wéi de Ministère dozou steet.
https://www.chd.lu/ArchivePlayer/embed/3608/sequence/197691.html
De Gesetzesprojet 7846 soll d‘Ausmooss vum Geoblocking, e Problem mat deem ee sech zu Lëtzebuerg heefeg konfrontéiert gesäit, limitéieren. Allerdéngs ëmfaast de Gesetzesprojet just Noriichteprogrammer a Sendungen aus Eegeproduktioun. Dowéinst bléift nach vill Loft no uewen, wéi de Sven Clement a senger Ried vum 30. Mäerz elaboréiert.
https://www.chd.lu/ArchivePlayer/embed/3608/sequence/197669.html
Den 30. Mäerz gouf eng Aktualitéitsstonn iwwert d’Ëmsetzung vun der Rifkin-Etude. A senger Ried begréisst de Sven Clement d‘Aspekter vun der Etude, verweist awer op realpolitesch Hürden, déi senger Ëmsetzung den Ament nach am Wee stinn. D’Zuele vum Statec beleeën dass Lëtzebuerg nach weit ewech dovunner ass, eng „New Economy“ duerzestellen, obwuel d’Regierung dëst gären behaapt. Fir méi Informatiounen, klickt de Link zum Sven Clement senger Ried.
Educatioun
https://piraten.luschoulmaterial-fir-enseignanten/
Mam „IT for Teachers“ (IT4T) Programm soll virum Hannergrond vum Homeschooling an Télétravail den Enseignanten erméiglecht ginn, ob dat néidegt informatescht Material zeréckzegräifen. An dësem Sënn wollte mir eis iwwert déi Materialien renseignéieren, déi an dem Kontext den Enseignanten zur Verfügung gestallt goufen.
Ëffentlechen Déngscht:
Hei gouf eng Kéier nogefrot, wéi et mam CGDIS-Trainingsdépôt zu Waasserbëlleg weidergeet…
https://piraten.lucgdis-trainingsdepot/
…an wat un de Gerüchter vun enger Fonctionnarisatioun beim CFL drun ass.
Gläichberechtegung
An engem Gast-Artikel am Lëtzebuerger Land vum 25. Mäerz 2022 schreift de Sven Clement iwwert gesellschaftlech verankert Virurteeler am Kontext vun der Ukrain-Kris a wéi se ze iwwerwanne wieren.
https://www.chd.lu/ArchivePlayer/embed/3580/sequence/195443.html
Zum Weltfraendag gouf et eng Aktualitéitsstonn iwwert d’Gläichstellung vu Fra a Mann. A senger Ried ënnersträicht de Marc Goergen d’Erausfuerderungen, virun allem finanzieller Natur, déi Elengerzéiend a Pensionären envisagéieren ewéi och d’Noutwendegkeet vun der Iwwerwannung vun Stereotypen. Begréisst den Marc Goergen d’Aktualitéitsstonn, sou fuerdert en och méi Konsequenz: et soll net nëmmen um Weltfraendag sensibiliséiert ginn, mee d’Gläichstellung sollt dagdeeglech gelieft, gefërdert an thematiséiert ginn.
Innepolitik & Gemengen
https://piraten.lucgdis-trainingsdepot/
Een Trainingszenter vum CGDIS zu Waasserbëlleg läit matsen an enger Gréngzon souwéi enger Natura2000-Zon. VIll Saachen um Sitt funktionéieren doriwwer eraus och schlecht: Toiletten ginn am Wanter net an et kann een no Brandübungen mol net duschen. Deem zu Trotz hält de CGDIS weider drop fest, dass d’Übungsaktivitéite weider op dësem Site solle stattfannen an hofft, dass de Site an Zukunft eng Naturschutzautorisatioun erhält.
Kultur
https://piraten.lurussesche-kulturgidder/
Als Reaktioun ob d’Verdecke vun der Statur vum Juri Gagarin zu Munneref oder d’Spärung vu russesche Filmer beim lëtzebuerger Filmfestival a virum Hannergrond vum russeschen Ugrëffskrig an der Ukrain hu mir eis gefrot, wei an den Ae vun der Madamm Ministesch mat russescher Kultur an hire Manifestatiounen duerch Film, Konscht oder Statuen ëmzegoen wier.
Landesentwécklung
https://piraten.lufourriere-am-sude-vum-land/
Am Süden gëtt händeringend no engem Parking fir ofgeschleeften Autoe gesicht. An eisem Nopeschland, der Belsch, huet een änlech Problemer. Hei schafft d’Police enk zesumme mat Ofschleefdéngschter, déi d’Autoen ofschleefen an da bei hinnen op disponibele Platze behalen, bis de Besëtzer vum Gefier et siche kënnt. Eng Iddi fir Lëtzebuerg? D’Äntwert fannt dir bei eis um Sitt.
Landwirtschaft
https://piraten.luschwengshaltung-um-frailand/
Et gi Mënschen, déi halen hier Notzdéieren, wéi Schwäin, bei sech op enger grousser Fläch Land, dat hinne gehéiert. Dës Aart a Weis fir Déieren ze ziichten ass an eisen Aen méi human, wéi d’Masseproduktioun op enkstem Raum. Wéi ass d’Haltung vu Schwäin am Fräiland zu Lëtzebuerg gesetzlech gereegelt?
Logement
https://piraten.lu25-propositions-pour-sortir-de-la-crise-du-logement/
Liest hei eis Reaktioun zu de 25 Proposen, déi eis de Paperjam fir d’Wunnengskris zu Lëtzebuerg gemaach huet.
https://piraten.luerheijung-vun-der-subvention-de-loyer/
D’Piraten hunn sech an der Chamber staark gemaacht, fir de Locatairen am Kader vun der Energie- a Logementskris elo direkt d’Loyerssubventiounen z’erhéijen. Eis Propose gouf awer vun de Regierungs-Parteien ofgelehnt!
Mobilitéit
Sinn CFL-Mataarbechter eng Zort Fonctionnairen mat alle Rechter a Fliichten? Oder sinn se et net?
https://piraten.luleit-dei-op-den-auto-ugewise-sinn-net-am-stach-loossen/
D’Präisser op der Pompel sinn explodéiert an net jidderee kann elo direkt een Elektroauto kafen. Mir dierfen d’Leit, déi op den Auto ugewise sinn, net am Stach loossen a mussen hinnen elo direkt hëllefen. Dofir hu mir an der Chamber gefuerdert, dass d’Frais de Déplacement erhéijt ginn an esou jiddereen direkt bei sengem nächste Salaire manner Steieren ofgezunn kritt.
Natur, Ëmwelt a Klima
https://piraten.lurtl-tribune-libre/
De 21te Mäerz war de Gilles Mertz als Pirat bei RTL, fir do iwwert d’Energiewenn an d’Ofhängegkeet vun Europa a Lëtzebuerg vu fossillen Energien ze schwätzen.
Police & Arméi
https://piraten.luit-police-2/
Den informatesche System bei der Police ass bekanntlech net méi ee vun de modernsten. Et ass 2022: wéini gëtt Polcie endlech méi digital opgestallt?
https://piraten.luimpfflicht-armei-nofro/
Kandidate ginn ab dem 1te Januar 2022 nëmmen an d’Arméi eragelooss, wann se ee vollstännegen Impfzyklus virweise kënnen. Persounen, déi net geimpft sinn, ginn deemno vollstänneg aus der Arméi ausgeschloss. An elo ?
Santé
https://piraten.lucovid-fall-an-der-seniorie-zu-peiteng/
Opgrond vun enger positiv getester Persoun an der Seniorie zu Péiteng gouf ee Stack fir Visiteuren ofgespaart. An dem Zesummenhang hu mir der Madamm Ministesch Froen zur grondsätzlecher Situatioun an den Alters- a Fleegeheemer gestallt.
De Video an Text zum Marc Goergen senger Ried zum Gesetzesprojet 7971 zu de rezentsten Covid Mesuren fannt dir ënnert dem heite Link. Grondsätzlech begréisse mir Piraten d’Lockerung vun de Mesuren an hunn dëse Projet deemno och matgedroen. Trotzdeem si mir mir skeptesch a ruffen zur Virsiicht op, wëll et viraussiichtlech zu enger Hausse vun den Infektiounen wäert kommen.
Wirtschaft a Finanzen:
D’Piraten hunn am Mäerz eng Motioun fir eng eemoleg Energieprimm virgeluecht, déi sollt direkt am Abrëll ausbezuelt ginn. D’Regierungsparteien hunn dës Primm ofgeleent.
https://piraten.lueemoleg-energieprimm-fir-dei-leit-dei-se-elo-brauchen/
Och haten d’Piraten am Mäerz proposéiert, fir d’Frais de deplacement z’erhéijen. Och dës Fuerderung ass vun de Regierungsparteien ofgeleent ginn. https://piraten.luleit-dei-op-den-auto-ugewise-sinn-net-am-stach-loossen/
De Marc Goergen huet dann och nach nogefrot, vu wéi enge Steiervirdeeler eng Firma ka profitéieren, déi op Tankkaarten zeréckgräift an op kontrolléiert gëtt, dass esou net d’Privatautoe voll getankt ginn. https://piraten.lutankkaarten/
An der Chamber goung et am Mäerz ëm d’Rifkin Etüd. Fir eis Piraten ass mat deem Prozess iwwerhaapt nach net ugefaange ginn. Fir eis feelt et bei der neier «Smart Economy» un neie soziale Modeller, déi d’Basisdemokratie an d’Chancëgläichheet ofsécheren, an net ëmmer deene selwechte Suen an d’Täsche bréngen.
https://www.chd.lu/ArchivePlayer/embed/3608/sequence/197669.html
An der Chamber gouf et dann och nach eng Aktualitéitsstonn zum Ëmgang vun eiser Wirtschaft mat net demokratesche Länner. Fir eis Pirate muss och definitiv Schluss sinn, mam Kuschelkurs mat Länner, déi d’Mënscherechter net respektéieren. Et dierfe keng Pressebiller mam Grand-Duc an esou Staatscheffen zirkuléieren. Et muss Schluss sinn domat, dass de Pensiounsfong an Autoritärregimmer investéiert an dës mat finanzéiert. De Pensiounsfong huet Milliounen duerch d’Sanktioune verluer, well mir eise Pensiounsfong net méi nohalteg gestallten.
https://www.chd.lu/ArchivePlayer/embed/3608/sequence/197680.html
Verfassung
https://piraten.luevaluatioun-vu-gesetzesprojeten-ob-dstaatsziler/
De 9. Mäerz war den drëtte Vott iwwert d’Verfassungsofännerung. Mir Piraten begréissen dës Moderniséierung, se ginn eis deelweis awer net weit genuch. An dem Zesummenhang hu mir eng Motioun verfaasst, fir zukünfteg Gesetzesprojeten op hier Konformitéit mat de néie Staatsziler ze préiwen.
Hunn iech nach Theme gefeelt, zu deenen dir hätt wéilte méi wëssen?
Iwwert deen heite Link kënnt dir ee personaliséierten Newsletter ufroen oder upassen: https://piraten.lunewsletterumeldung/