Evaluatioun vu Gesetzesprojeten ob d’Staatsziler

Context:Dossier parlementaire n°7755 – Proposition de révision du chapitre III de la Constitution

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • dass haut mam Dossier parlementaire n°7755 déi drëtt Revisioun zur Verfassung an der Chamber gestëmmt gëtt;
  • dass mat der “Section 4. – Des objectifs à valeur constitutionnelle” Staatsziler an d’Verfassung encadréiert ginn;
  • dass dës Staatsziler als Orientéierung fir déi zukünfteg Politikgestaltung fungéiere sollen;
  • dass dës Staatsziler net aklobar sinn;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. d’Fiche d’évaluation d’impact vun zukünftege Gesetzesprojeten duerch eng weider Rubrik “Objectifs à valeur constitutionnelle” ze ergänzen, fir all Kéiers ze evaluéieren, awéifern d’Projete mat den neie Staatsziler am Aklang stinn.

Eis Motioun gouf den 15.04.24 vun alle Parteien ausser der Adr matgestëmmt.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt