Flüchtlinge faasse Fouss – Nofro

A menger parlamentarescher Fro n°4006 hat ech d’Regierung ëm verschidden Zuelen an Informatioune betreffend d’Integratioun vu Flüchtlingen zu Lëtzebuerg gefrot. An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Op d’Fro 4.2 betreffend d’Sproocheformatiounen (“Deckt d’Offer vun dëse Coursen d’Demande vun de BPIen?”) hunn d’Ministeren net kloer geäntwert. Ech Read more…

Réckbléck op d’parlamentaresch Aarbecht vum Mount August

Mir hoffen dir hutt  d’Summerméint genoss a sidd erholl fir d’Rentrée am September.   Hei ënnendrënner informéiere mir iech iwwert d’Detailer vun der parlamentarescher Aarbecht vun de Piraten aus dem Mount August. Well d’Chamber iwwert de Summer zou war, goufe keng Gesetzer gestëmmt wärend dësem Mount. Trotzdeem hu mir vill geschafft, esou dass dir hei eis Communiquéen a parlamentaresch Froe fannt. Wéi ëmmer leie bei enger Rei parlamentaresche Froe  schonn  d’Äntwerte vun der Regierung vir a bei aneren   nach net. D’Äntwerte  ginn ëmmer op der Säit vun der Fro ënnert dem Text verlinkt, soubal dës virleien. Wann dir Read more…

Réunion Gäichel XI – Wéini kënnt déi séier Zuchverbindung?

Den 31ten August hunn déi lëtzebuergesch an déi belsch Regierungen sech getraff, fir iwwert déi bilateral Bezéiungen ze diskutéieren. An enger gemeinsamer Deklaratioun hu béid Regierung iwwert d’Inhalter vun dësen Diskussioune beriicht. Vill konkret Moossname goufen allerdéngs net ugekënnegt an d’Deklaratioun ass op ville Platze stomm, wéi verschidden Zilvirgabe sollen Read more…