Wat huet de Staat mat de Petrolsfirmen ausgemaacht? D’Piraten haken no.

Communiqué

D’Piraten-Deputéierten hunn haut op een Neits hier Fuerderung vum Dezember 2021 widderholl, dass den Energieminister soll de Kontrakt oppeleeën, deen 2004 tëschent dem Staat an de Pëtrolsliwweranten ofgeschloss gouf.

Et ass net déi éischte Kéier, dass mer an der Chamber musse kämpfen, fir dass d’Regierung eise Volleksvertrieder eng Asiicht a vertraulech Dokumenter gëtt: de 26te Januar 2021 hu mer misste bis virun d’Justiz , fir dass d’Regierung Bettel eis de Kontrakt tëschent RTL an dem Staat weist.

Dëst Geriichtsurteel hätt eigentlech missten de Grondstee fir méi Transparenz beim Staat sinn.  Leider spillen d’Regierungsparteien hei nach ëmmer op Zäit. Mir krute vum Energieminister geschriwwen, hie géif jo gären, mee et wier net sou einfach, well d’Chamber sech nach net eens wier, wéi een et da sollt maachen.

Fir eis Piraten ass dat doten Zäitspill an der 90ter Minutt: eng Excuse, déi mir net wäerten akzeptéieren. Mir fuerderen de Minister op, d’Geriichtsurteel ze respektéieren a schnell Asiicht an de Kontrakt ze kréien. Alles Aneres ass inakzeptabel.

Mir froen eis dann och, wat de Staat 2004 da genee mat de Pëtrolsliwweranten ausgehandelt huet a wat sou geheim un dësem Kontrakt ass. Schliisslech ginn d’Spritpräisser hei am Land eis all eppes un, virun allem an der aktueller Energiekris, wou mer wëlle verstoen, wat Pëtrolsfirme genee mat der Regierung ausgehandelt hunn.

Mir si souguer der Meenung, dass een de Kontrakt misst fir all Biergerinnen a Bierger oppeleeën an net just fir d’Deputéierten an der Chamber.

D’Piraten wäerten op jidde Fall fir hier Grondiwwerzeegung vu méi Transparenz beim Staat kämpfen. A wann et muss sinn, gi mir souguer bis an de Ministère, fir de Kontrakt kënnen ze liesen, wat mer dem Minister och an eisem leschte Schreiwes proposéiert hunn.

 

Eis Demande am Dezember 2021

Eis Demande am Abrëll 2022

Eis Demande am Juni 2022

Äntwert vum Minister

Piraten haken no: wann néideg, gi mer bis an de Ministère eran!

Zesummenhang posts

De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter
Zënter Jore gëtt doriwwer diskutéiert, fir an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an