Ëffentlech Gelder fir eege Werbung benotzt?

Aktuell organiséiert de Ministère fir Bildung eng Réi vun Diskussiounsowenter mam Numm Bildung am Dialog. D’Zil vun dësen Diskussionsowender ass mat de Bierger am Land iwwert de lëtzebuergesche Bildungssystem ze diskutéieren.

Fir dësen Zweck huet de Ministère eng Publicitéit lancéiert fir op dës Diskussiounsowenter opmierksam ze maachen an anzelueden. D’Publicitéit gëtt, ënnert anerem, um Radio iwwerdroen, an dem Här Minister Meisch säin Numm e puer Mol direkt erwäänt gëtt. Dëst stellt d’politesch Neutralitéit vun dëser Publicitéit gewëssermoossen a Fro.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Opgelëscht no Plattform (Radio, Telé, Social Media), wat sinn d’Gesamtkäschte vun der Werbecampagne fir
    d’Diskussiounsowenter vu Bildung am Dialog? Wéi ee Ministère dréit dës Käschten? Wéi ee Budget ass dofir
    virgesinn?
  2. Aus wéi enge Grënn huet den Här Minister Meisch bei dëser Werbecampagne decidéiert, säin Numm an all
    Spot erwänen ze loossen? Ass den Här Minister der Meenung, dass d’Mentionnéiere vu sengem Numm an
    dëser Campagne als Publicitéit fir seng eege Persoun kéint ze wäerte sinn? Falls jo, sollt dës Publicitéit an
    dem Fall net éischter vu senger Partei finanzéiert ginn?
  3. Här Minister fir Kommunikatioun a Medien, wat sinn d’Bedéngungen, fir dass ee Minister säin Numm an
    enger Werbecampagne däerf placéieren? Existéiere fir Regierungsmembere Reegelen, déi hir Präsenz an de
    Medien am Kader vun hirem Mandat definéiert? Falls nee, firwat net?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene