Grondrechtsverletzungen duerch Vorratsdatespäicherung

Obwuel den Europäesche Geriichtshaff ganz kloer gesot huet, dass Vorratsdatespäicherung géint d’europäesch Grondrechter verstéisst, ginn zu Lëtzebuerg ëmmer nach ëmfaassend Date vu Privatleit erfaasst a gespäichert. Wisou ass dat ëmmer nach esou a wéini wäert sech dorun endlech eppes änneren? D’Piraten hunn bei der Regierung nogefrot.

Här President, Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un de Minister fir Justiz weiderzeleeden.

Zu Lëtzebuerg gouf virun der Richtlinn zur Vorratsdatespäicherung (2006/24/EG) schonns mam Gesetz vum 30. Mee 2005 eng Vorratsdatespäicherung vun 12 Méint agefouert, déi den 12. Juli 2007 mat engem neie Gesetz vun 12 op 6 Méint erofgesat gouf.

Am Juli 2010 huet Lëtzebuerg dunn d’Richtlinn 2006/24/EG transposéiert an dobäi d’Iwwerwaachung och op EMailen an Internetverbindungen ausgedeent.

Zenter hier huet den europäesche Geriichtshaff an zwee Uerteeler (2014 an 2016) festgestallt, datt d’Richtlinn 2006/24/EG géint d’Grondrechter vun de Bierger an der EU verstéisst.

Trotzdeem gouf aus dësen Arrêté keng Konsequenze gezunn. D’gesetzlech Basis zu Lëtzebuerg huet sech zanter 2010 trotz de Verstéiss géint d’Grondrechter net méi geännert.


An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:
• Opgeschlësselt no Virworf a Joer: wéi vill Consultatioune gouf et vun Daten, déi op Vorrat gespäichert goufen, zanter dem Gesetz vum 30. Mee 2005?
• De Professer fir Strofrecht op der lëtzebuergescher Uni sot vis-a-vis vun der Press: „Das ist ein rechtswidriger Zustand.“ Wéi steet d’Regierung zu dëser Ausso?
• A wéi vill Fäll (opgeschlësselt no Infraktioun, Joer an dem Fait ob eng Veruerteelung ausgeschwat gouf oder net) goufe Vorratsdaten an engem Geriichtsprozess benotzt?
• Ass d’Regierung dorop virbereet, dass d’Awunner vu Lëtzebuerg opgrond vu de Grondrechtsverstéiss, déi duerch déi aktuell d’Vorratsdatenspeicherung geschéien, eng Plainte géint den lëtzebuergeschen Staat maache kéinten?
• Bis wéini huet d’Regierung fir, d’national Gesetzgebung erëm a Konformitéit mat den europäesche Grondrechter ze setzen?

UPDATE 19.7.2019: a senger Äntwert op eis Fro huet de Justizminister net op den éischte Punkt vun eiser Fro geäntwert. Mir hunn him dofir d’Fro nach eng Kéier gestallt:

• Opgeschlësselt no Virworf a Joer: wéi vill Consultatioune gouf et vun Daten, déi op Vorrat gespäichert goufen, zanter dem Gesetz vum 30. Mee 2005?

D’Nofro gouf vun der Chamber als irrecevabel erkläert.

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat