ACCOUNT

Covid-Test-Statioun zu Péiteng

Am Kader vum Large Scale Testing si verschidden Zentren zäitweis un hier Limitte komm. Elo gouf op verschidde Platzen opgestockt an deelweis néi Test-Statiounen (LST) opgemaach wéi zum Beispill zu Stroossen. An deem Kader hunn mir Piraten d’Gesondheetsministesch op de Site vum Carena an der rue Eucosider zu Péiteng opmierksam gemaach, deen eiser Meenung no eng gutt Platz wier fir eng Test-Statioun. D’Ministesch… Continue reading Covid-Test-Statioun zu Péiteng

Fail: De Péitenger Schäfferot well Aussepolitik maachen, a scheitert.

fail concept on the brown wooden background

De Péitenger Schäfferot huet dës Lescht ee Vott am Gemengerot iwwert déi Lëtzebuergesch Atompolitik gefrot. De Schäfferot wollt sech der weltwäiter Atompolitik unhuelen, an huet driwwer ofgestëmmt op de Lëtzebuerger Staat soll den ICAN Vertrag ënnerschreiwen. Et kann een sech Fro stellen, wisou gräift de Péitenger Schäfferot an d’Aussen- a Sécherheetspolitik an? An der Gemeng Péiteng ginn et wuel nach… Continue reading Fail: De Péitenger Schäfferot well Aussepolitik maachen, a scheitert.

All Commerce an der selwechter Branche soll och selwecht behandelt ginn

Saving Trade Account Commerce Concept

All Commerce an der selwechter Branche soll och selwecht behandelt ginn, dofir hate mir Piraten de Projet am Gemengerot zum Vott gestallt, fir all Commerce an der Gemeng Péiteng ze hëllefen. Am Juli hat de Schäfferot (CSV/LSAP) zum Vott gestallt, fir zwou Firmen (LUX-MANES & MUNHOWEN) ënnert Äerm ze gräifen. Mir Pirate soen et wär net fair,… Continue reading All Commerce an der selwechter Branche soll och selwecht behandelt ginn

Zwou onfair Hëllefen fir HORESCA Betriber an der Gemeng Péiteng

Piratepartei Sektioun Péiteng huet am Gemengerot gëschter kloer GÉINT eng onfair, diskriminéierend an eesäiteg Hëllef fir nëmmen 2 Betriber gestëmmt a schléit eng allgemeng Hëllef vum selwechte Montant fir all d’Betriber an der Gemeng Péiteng vir! CSV / LSAP Koalitioun huet dem Restaurant WAX (17.800 €) an der Firma Munhowen* (12.600 €) als Hëllef accordéiert. Dat fanne mir Piraten… Continue reading Zwou onfair Hëllefen fir HORESCA Betriber an der Gemeng Péiteng

Ried zum Budget 2020 Gemengerot Péiteng

Plans of building. Architectural project background. Floor plan designed building on drawing, copy space

Dir Damen, dir Hären, Dëst Joer goufe mir als Gemeng Péiteng souwéi och eis Noperen aus der Gemeng Käerjeng onerwaart vum Tornado getraff, zesummen, mat vill Solidaritéit hunn all eis Awunner zesummen des Erausfuerderung ugepaakt, vill gehollef, kee Stoe gelooss, dofir ee grousse Merci fir des exemplaresch Solidaritéit un all eis Bierger.