Ried zum Budget 2020 Gemengerot Péiteng

Dir Damen, dir Hären,

Dëst Joer goufe mir als Gemeng Péiteng souwéi och eis Noperen aus der Gemeng Käerjeng onerwaart vum Tornado getraff, zesummen, mat vill Solidaritéit hunn all eis Awunner zesummen des Erausfuerderung ugepaakt, vill gehollef, kee Stoe gelooss, dofir ee grousse Merci fir des exemplaresch Solidaritéit un all eis Bierger.

Mat Geld kann een net all Problem op der Welt léissen, et kann een awer probéiere fir Problemer besser erdrobar ze maachen.

Aufgab vum Budget ass all Joers erëm déi wichteg Aufgab wou eis alle 17 viru Froe stellt, wei eis Gemeng an der Zukunft opgestallt soll ginn.

Déi eng 5 dierfen en méi kritesch kommentéieren, déi anner manner kritesch oder en nemmen luewen. 

Fir mech ass et erreecht den drëtte Budget, dat als Oppositiounspolitiker, also mat ganz begrenzte Méiglechkeeten op anzewierken, mee awer der klorer Méiglechkeet op Feeler a falsch Weeër hin ze déiten an de Schäfferot ze kontrolléieren an hirer Aarbecht, wat och ganz kloer Aufgab vum Gemengerot an nach méi vun der Oppositioun ass.

Wei an der Ried vum Här Buergermeeschter richteg ugeklongen, ass et awer well fir verschiddener den 20te Budget, fir verschiddener aus dem Gemengerot zeguer nach méi Jore wou se de Budget kommentéieren.

Mee bleiwe mir bei den 20 Joer Verantwortung fir eng Partei, an zwar fir d‘CSV an soumat huet CSV och kloer déi Gemeng esou opgestallt wei se haut do steet, dat mat all de Feeler oder och de gudde Projets, sécherlech ass net alles schwaarz oder wäiss ze gesinn.

An de Bilan vun den 20 Joer oder zeguer 23 Joer wann des Amtsperiod wäert fäerdeg sinn, wäert déi nächst Generatioun vun eisen Awunner bewäerte mussen.

De Bilan vun 23 Joer CSV Muecht wäert sécherlech gedeelt ausfalen.

Op der enger Säit, kann een sech mat ëmmer  besseren Spuerzuele  bretzen, a mat enger méi klenger Schold.

Et muss een do awer och éierlech agestoen, et war net normal wat den aktuelle Koalitiounspartner, LSAP deemools 1999 der nofollgender CSV Majoritéit u Scholden iwwerloss huet.

Alles anescht wei Schold zeréck ze bezuelen, wär ee politeschen a moralesche Feeler gewiergt an dofir ass et als ee vun de gudde Punkten un ze gesinn, dass eis Gemengefinanze gesond sinn.

Et hätt een ouni de solide Scholdesatz vun der LSAP, sécherlech schon eng an de leschten 20 Joer méi kinnten investéieren.  

Wou LSAP iwwerdriwwen huet a Scholde maachen, iwwerdreift CSV awer am Spueren.

Déi Steieren, Taxen, Opwendunge wou eis Bierger un Gemengen direkt bezuelen oder via den Ëmwee vu Staatlechen oder Europäesche Subsiden, sinn net do fir dat Geld op Spuerkonten unzesammelen, mee fir vill Bierger ass dat haart verdéngte  Geld wat um  Schluss  vum Mount hinne feelt.

Allgemeng ass Steierlaascht hei am Land ze héisch, an dann kommen nach déi kommunal Steieren an Taxen dabei.

Dofir wär eng méi Gerecht Politik, wann Investitioune géingen an Luucht goen, net a Prestigeprojet wou Etüden an Architekten sech eng gëllen Nues verdéngen ier den éischte Stee wäert gelued ginn, nee mir brauche méi Investitiounen an den Alldag vun eise Bierger an der Gemeng.

Do si Schoulgebaier wou et era reent, an dat net am Drëpse mee richteg Waasserfäll scho quasi vum Plaffong kommen,

do si Mauere wou de Schimmel just ofgewäsch oder iwwerpinselt gëtt an net eng komplett richteg a néideg Sanéierung gemaach get.

Do si Bushaltestellen, wou een ouni Handicap scho kaum erkennt, mee Persoune mat enger Erblannung et onméiglech maachen den ëffentlechen Transport ze benotzen.

Do sinn et Stroossen wou een als Teststreck fir nei Autokonzepter an hier Fiederunge benotze kann.

Do si Centre Culturellen, wou zwar witzeg gesot ee flott Retro Theatersteck kinnt opfeieren, awer net méi un eis Veräiner an den héitesch Zäiten ugepasst sinn,

Do sinn déi onzählech Trottoirë wou ausgesi wei wann gefillt zënter den
20 Joer CSV kee méi duerno gekuckt hätt, Futti, Placke wou eraus stinn, richteg Gefore  fir d‘Leit.

Do si Stroosseluuchten, wou éischter als Kerzenbeliichtung duerch gi wei als wierklech Schutz virun Accidenter oder einfach ze schwach sinn fir Sécherheetsgefill vun den Awunner ze verstäerken, vun der verpasster LED an Energiespuermossnahmen mol net ze schwätzen.

Do si ganz Stroossenziich wou reegelméisseg einfach mol Stroossebeliichtung iwwert Nueten ewech ausfëllt, nach gëscht Owend huet am Duerf zu Rolleng fir eng Fra , déi iwwert eng Trapp wou an der däischtert net ze gesinn war, gefall ass, eng Ambulance fir an d’Urgence misste geruf ginn.

Selwescht virun 4 Wochen zu Rolleng, wou ee Mann iwwert ee futtissen Trottoire gefall ass, an Stroos gefall war, an Chance hat, dass keen Auto koum, de Mann war awer vun sech an huet missten an d’Urgence. E vu viele Beispiller, wei oft esou eppes weenst verschloffenen Investitiounen virkennt.

Do si Gebäier wei de WAX wou méi Wert drop geluet gouf exklusiv an déier Miwwel ze kaafen, wei dass een un der Infrastruktur vum Gebäi geschafft hätt, mir hoffen do huet een draus geléiert an déi nei Miwwele wäerten normaler ginn, zu engem verdaubare Präis.

Do sinn ze wéineg Sozial Wunnengen, ze wéineg Méiglechkeete  fir déi Famillje mat begrenzte finanzielle Mëttel fir hei an der Gemeng wunnen ze bleiwen,

Do sinn ze wéineg Investitiounen an déi Ëmweltfrëndlech Techniken,

Do ass et verschloff ginn, fir eweg vum Diesel a Benzin ze kommen, fir méi op Elektroautoen am Fuerpark fir déi puer Kilomenter den Dag, ze setzen.

Do sinn , an et gëtt keng Excuse, well CSV ass schon 20 Joer um Rudder, net genuch Platzen an de Maison Relais.

Do sinn iwwerfëllte Klassesäll an eise Primärschoulen,

Déi Leescht kënnt een nach weit a laang ergänzen,

Kuerz a knapp, 20 Joer wou och op Platze geschlof gouf an ee verpasst huet ze investéieren.

Hei an der Gemeng geet ganz kloer mat der schwaarzer Null geschafft, nach méi weit, et geet een iwwert déi Marque vun der schwaarzer Null eraus, et ass een op een Iwwerschoss vu 27,2 Milliounen aus.

Eis Finanziell Reserve klemmt soumat op 36,5 Millioune fir Een 2020.

Eigentlech Geld wou all Bierger bezuelt hunn fir ass et hinnen ze gutt kennt, net fir an Zäite wou all d’Finanzberoder soen, spuere wär falsch, nach méi Geld op Säit ze leen.

Experte sinn sech europawäit eens, et ass elo un de Gemengen an och dem Staat fir ze investéieren, elo kritt een déi neidesch finanziell Mëttel fir sech fir Zukunft fit ze maachen.

Duerch déi verpassen Investitiounen an de leschten 20 Joer, lafe bei verschiddene Gemengegebaier déi Ënnerhalungs- an Energiekäschten dovun, am Budget fënnt een e puer kleng Plooschteren,

awer kee Gesamtkonzept, fir eng Renovatioun bis hin zu Energieneutral Gemengegebaier, fir dass mir vun den héischen Ennerhaalungskäschten erof kommen,

Är Zuelen zu den asbl‘en stemmen esou net, dir hutt de Montant kënschtlech erop gesat an deem dir Jugendhaus an de Montant vun 839.000 € mat agerechent hutt, dobäi fält Jugendhaus kloer net ënnert déi Kategorie wou een normal als ASBL versteet, dir setzt och net Créchen a Maison Relais dran déi eng Konventioun hunn mat der Gemeng.

An rechent ee Jugendhaus eraus, kennt een nëmmen nach op knapps 500.000 €, rechent een do nach Classe de Neige eraus, nëmmen nach op 385.000 €, den ORT eraus nëmmen nach op ronn 360.000 €, de Minett Park, nëmmen nach op 300.000 €.

Soumat kennt een op knapp 300.000 € fir eis Veräiner, an dat wësse mir alleguer hei bannen, geet net duerch wann een am Sport a Kultur well am Land mathalen. Dee Montant ass méi kleng wei eleng Honorairen fir Expo vum zweete Weltkriich, wuel verstann, de Montant wou iwwert 100 Veräiner mat musse schaffen ass manner wei fir een Event.

Dee Budget ass vergläichbar mat klengen Nordgemengen, wat déi an hier Veräiner investéieren.

Zënter 20 Joer verschlofe mir hei zu Péiteng Chancë fir eis Veräiner ze stäerken, als fënneft gréisst Gemeng am Land, ass do méi méiglech an mir fuerderen dee Montant op mindestens 1 Millioun € ze leen,
fir néi Méiglechkeeten an der Veräinsaarbescht ze erméiglechen an soumat och kennen dat néidegt Material ze kaafen,
fir kenne flott Fester an der Gemeng ze organiséieren.

Wou awer investéiert get, ass an den Fotoalbum vum Schäfferot, och de Magazin „Meng Gemeng“ genannt. Do ginn Käschten staark erop vun soss 59.000 € op 90.000 € fir Reklam ze maachen ween am leiwsten op de Fotoen laacht.

An Zäiten vun digitale Léisung, eng Fragwürdeg Prioritäit. 

Dir hutt vun der Informatik geschwat, do ass all Joer erëm am Budget a vill ze héische Poste fir Lizenzen an och fir de Leasing vun de Computeren. Dobäi komme fortlafe Käschte fir Kopiesmaschinnen, dir kennt dach kengem glafwierdeg erzielen, dass Kopien esou deier sinn. Da soll Gemeng ebe Maschinn kaafen an se net leasen, dat géing de Bierger wuel méi bëlleg gi wei är aktuell Kontrakter wou all eenzelt Blat e festen an deiere Präis huet.

Mol ganz dovun ofgesinn, dass eis Punkten am Budget feelen, fir Gemengeverwaltung fir Zukunft méi digital fit ze maachen, fir och ouni Pobeier oder zumindest mat manner Pobeier aus ze kommen.

Da kinnt dir nämlech och endlech mol, wär een digital Fit, de Bierger hier Rechnungen an Bréiwer an deier Sprooch schécke wou jidder eenzele Bierger versteet. Well net jiddereen an der Gemeng versteet nëmme Franséisch. Mat enger digitaler Léisung wär dee Problem schnell ze behiewen.

Mee bekanntlech feelt et och um Internetsite vun der Gemeng, un Iwwersetzung op aner Sprooche wei nëmme Franséisch.

Dir schwätz vu sozial, mee et feelt ganz kloer an dëser Gemeng un méi soziale Moossnamen. Wou sinn déi vill Wunnenge wou gebraucht ginn ?

“An Atzeng” zu Rolleng zielt do mol net wierklech dozou, well déi puer Wunnenge wou wierklech fir Leit mat schwaache Gehälter waren, déi Zuel war einfach ze kleng a mir wäerten och zu Rodange wäert dat de Fall sinn.

Anstatt dass een Immobiliëpromoteur hei an der Gemeng quasi alles verbaut, dir wësst deen mat dem A am Numm an de rout grénge Fuerwen am Logo souwei super Kontakter via Fussball zu de Politiker wou reegelméisseg bei him zu Gaascht sinn, sief et hei beim Fussball oder wann se mat em an d‘Ausland fléien.

Wei kann eng eenzeg Agence, esou vill Autorisatioune kréien ? Wei kann eng eenzeg Agence déi och nach esou schnell kréien ?

Dofir soe mir Pirate kloer, anstatt do all Diere grouss fir eng ImmoAgence opzemaachen, wär et méi sënnvoll wann mir als Gemeng géingen déi Häisser oder Platze kafen, fir kenne Wunnengen ze bauen, wou een sech och nach leeschte kann, fir 10 € de m2.

Wou mir bei de Platzen a Wunnenge sinn, wisou sinn nach ëmmer Tankstellen an eisen Dierfer ? Wou si Moossname fir dee Problem un ze goen ?

Ja da muss een eben op e puer Euro an de Recettë verzichten, mee dat wär eis awer Liewens an Emweltqualitäit vun de Bierger wäert. An déi muss och net zwousch annescht nei opgebaut ginn, mir klammen hoffentlech ee aus dem Tanktourismus eraus.

Wou mir bei der Liewensqualitéit sinn, wou sinn déi Léisunge fir de Verkéier an der Gemeng Péiteng, et steet ee vun der Biff bis op Fonderie, déi Ofgasen, dee Knascht, déi Verschmotzung.

Wou bleift Verkéiersberouegung ? Dofir froe mir ganz kloer fir Haaptstroossen an Zukunft esou ze gestalten, dass déi fir den Duerchgangsverkéier kloer onattraktiv ginn.

Déi nei Avenue de la gare wäert och net de Verkéier berouegen, mee am Geigendeel et nach méi einfach maachen se als Schleichwee laanscht de Stau ze benotzen a soumat méi Verkéier op Rolleng brengen.
Do hätte mir Pirate kloer op eng berouegung vum Verkéier gesatt, an net Parkplatzen eweg huele fir eng Strooss méi breet ze maachen.

Et wär no 20 Joer Zäit, dass endlech op der Fonderie eng Léisung kennt fir de Problem mat de Camions, ass net wei wann mir net scho viru ville Méint eng fäerdeg Léisung mat an de Gemengerot bruet hätten.

Mee nee, weiderhi gëtt gewaart, weiderhi musse Bierger op deene Stroossen all Dag leiden.

De Verkéier an eiser Gemeng, soll laut eiser Meenung duerch ee gratis Citybus entlaascht ginn, dee soll jidderengem erméiglechen sech schnell a bequem kenne mat klenge Busser an der Gemeng ze beweegen an och déi entlee Quartiers ufuere wou elo mat de groussen décke Busser schlecht ugebonne sinn.

Allgemeng kann ee Fro stellen, wisou ee Bus no dem aner duerch eis Gemeng fiert, oft Eidel wann se hei hier Streck ufänken, kuckt emol eng keier zu Rodange oder Rolleng an TICE Busser eran an zielt do weivill Léit effektiv mat fueren. Do kinnt ee Citybus souwéi Stroossen, Ëmwelt an och de Kaméidi entlaaschten.

Wann et enger Gemeng esou gutt geet wei eis, zumindest um Pobeier an den Zuelen, da muss een och déi Chance ergreiwen an nei Ureizer schafen.

Dofir froe mir Pirate ganz kloer fir den „Impot commercial“ erof ze setzen, Péiteng huet mat den héchsten am Land, a Péiteng huet awer och bal keng Firmen oder Geschäfter méi.

Mir kinnten eis méi attraktiv opstellen, grad am digitalen Zäitalter fir nei national souwéi International firmen an eis Gemeng ze kréien, hei erëm Aarbechtsplazen ze schaffen.

Mee am Commerce, kritt eis Gemeng eng kloer Datz.

Kuckt eleng nëmme weivill Geschäftsgebaier eidel stinn, et ass een Trauerspill wann een duerch eis Gemeng kuckt.

Awer vill, ganz vill Geld fir en onnëtzen an net erfollegräiche Letzshop, wou een all Joer erëm 20.000 € era pompelt fir weivill Verkäff am Joer ? 10 oder 20 ? An zielt ee Joren zesummen, sinn do elo 60.000 € era gefloss, fir keng Resultater.

Awer nee, et wäert monter esou weider gemaach ginn., mir verkaafen wuel déi deierste Slipen, rechent een die 60.000 € op Zuel vun de Verkäaf, déi deierste Slipen am Land.

Wei ass et mat enger Statistik, wou dir kinnt dem Gemengerot emol präsentéieren iwwert äre Letzshop zu Péiteng?

An da kommen nach Undeitungen, de Parking kënnt net gratis sinn, ma hutt dir iech mol Etüden ugekuckt dass  d’Léit do akafe wou se am bequeemsten hin kommen an am beschte fir d‘Zäit vun hire Akeef och nach gratis Parke kennen, well mam Bus kennen se och net bequem kommen,  et feelt nach bekanntlech um Citybus fir eis Gemeng.

 An zum Parking, mir als Piraten akzepteieren net, dass all Bierger iwwerwacht get, an deem een muss eng Autosplaque aginn fir dierwen ze parken, mir sinn an dierfen keen Iwwerwachungsstaat ginn. Dofir hu mir als Piraten och eng Plainte am Senn vum Dateschutz bei der CNPD deposéiert géint Praktike vum Schäfferot vun deser neier Iwwerwachungs vun den Autosplaquen.

A fir dass d‘Leit wann se akafe ginn ,net och nach den ongesond verpaakte Sixpack am Plastik fir hiert Waasser no Heem schleefe mussen, froe mir Piraten ee Kontingent u Gratis Waasser pro Stot fir esou , wann och vum Präis hier, sécherlech symbolesch, Reklamm fir eis gutt a proppert Drénkwaasser ze maachen.

Eis Bierger mat net esou héische Gehälter leiden nämlech schlëmmer ënnert der vun de Majoritéitsparteien am Gemengerot beschlossener Hausse vun den Taxen um Waasser souwéi Poubelle.

Käschtendeckend kann een och sozial staffelen an net fir jiddereen déi selwescht, nenne mir et Strofen drop setzen.

Fir eis ass et kloer, et muss een den Ënnerscheed maachen tëscht de Famillje wou Waasser huele fir sech ze wäschen, kaachen an ze iwwerliewen an deene wou de Pool voll maachen, hier déck Autoe wäschen an net sënnvoll mat der wäertvoller Ressource Waasser ëmginn.


Iwwregens och Chantieren an eiser Gemeng gi guernet sënnvoll mat der Ressource vum Waasser em.

Fir eis Piraten ass Waasser ee Grondrecht fir all Bierger.

Wou mir beim Waasser sinn, an den 20 Joer CSV gouf och kloer verpasst fir eis Gemengegebaier fit ze maache fir Toilettë mat Reewaasser ze spullen, mir benotzen nach ëmmer wäertvoll Drénkwaasser fir eis Toiletten. Och do goufen Investissementer verpasst.

Dat selwescht beim Solar, 20 Joer goufen ze wéineg Solarzellen installéiert. Elo probéiert een ze plooschteren an vereenzelt op neie Gebaier da ze setzen, mee de grousse Worf ass dat och net, éischter no dem Motto : kuckt mir maachen eppes.

Mir Pirate fuerdere flächendeckend Solar op de Gemengegebaier.

Do wou nei gebaut ginn ass, wei de Kär vu Rodange vu Rodange kann ee gedeelter Meenung si wei et gelongen ass, fir meng perséinlech Meenung ass déi Platz zimmlech kal an onemotional ginn, an am Moment ee Chaos fir Foussgänger.

Wou mir bei de Foussgänger sinn, wou bleiwen déi Blo Reflektoren bei all Zebrasträiwen? Bekannt aus anneren Gemengen, eben just net hei bei eis.

Et ass net net einfach dëst Joer sech fir en Ja beim Vote ze entscheeden, well et feelt kloer Zukunftsvisioun, mee en Nee géing och bedeiten, dass een déi minimal Schrëtt géing verwerfen, dofir renge mir eis nach engkeier zu engem Ja duerch, an der Hoffnung op Besserung fir 2021 wann Changementer an de Opstellung vun de Majoritéitsparteien ustinn a villäicht nei Ideen era kommen.

Et wär nach vill ze soen, mee et sinn och nach e puer Joer bis 2023 a villäicht hellt de Schäfferot e puer konstruktiv Punkte mat op an iwwerdenkt hire Spuerprogramm zu Gonschte vun enger moderner, dynamescher Gemeng Péiteng.

Ried Christian Welter:

Dir Dammen, dir Hären,

Mäin Parteikolleeg, den Här Goergen an ech hunn eis erlaabt d’Themen ënnert eis opzedeelen, dat heescht eis Rieden ergänzen sech géigesäiteg an stellen sou den Point de vue vun eiser Partei zu dësem Budget duer.

Dësen ass eréischt mäin zweeten Budget mat dem ech mech hei an der Gemeng als Conseiller kann befaassen an en ass och ewéi läscht Joer ganz detailgetrei opgestallt an et muss een vill Gedold an Konzentratioun opbréngen fir sech duerch alles ze liesen. Merci un de Schäfferot an un d’Gemengenaarbechter fir d’Ausschaffen vun dem Dokument, et war bestëmmt vill Aarbecht.

E Freiden, den 9ten August vun dësem Joer war eng vun den donkelsten Stonnen an der Geschicht vun eiser Gemeng. Eis Noperen vun der Gemeng Käerjeng an mir goufen haart vun engem Tornado getraff. Bei all deem Schued wou dobäi entstanen ass, kann een dobäi nach bal vun engem Wonner schwätzen, dass dobäi keen em d’Liewen komm ass wann een sech d’Biller ukuckt.

Hoffentlech geet et deenen Betraffenen besser an e ganz grousse Merci un déi vill solidaresch hëllefsbereet Leit, wou jiddereen säin Deel zur Besserung bäigedroe huet. Et mëscht een houfreg ze gesinn, dass déi positiv Säit vun der Mënschlechkeet an sou enger Situatioun verstäerkt opkënnt.

Leider wäerten mir, net nëmmen zu Lëtzebuerg, mais iwwerall op der Welt ëmmer méi mussen mat Katastrophen déi duerch den beschleunegten Klimawandel provozéiert gi, kloer kommen. Dofir froen ech mech: Wisou gi mir zu Péiteng net mat engem besseren Beispill fir? Dass mer Deel vum Klimapakt sinn an eis domat bretzen kennen ass jo schéin an gutt, fannen et awer schued dass een wann een schonn sou vill Milliounen Euro all Joer fir schlecht Zäiten spuert, een net méi fir d’Ëmwelt an eiser Gemeng investéiert. Dann hu mer zwar villäicht Suen wann déi schlecht Zäiten agetraff sinn, et wäert een dann awer bereien se net als Preventioun fir déi schlecht Zäiten investéiert ze hunn, en plus wäerten d’Schied dann irreversibel sinn.

Et mëscht mech traureg ze gesinn, dass op sou villen Events vun eiser Gemeng nach ëmmer sou vill Einwegplastik benotzt gëtt, Stréihällem verdeelt ginn an et och haaptsächlech Charcuterie an Kéis ze Iessen gëtt. Dat sinn just e puer Beispiller vun Klengegkeeten wou d’Nohaltegkeet mat Féiss getrëppelt gëtt an een am fong zimmlech séier an einfach verbesseren kinnt. Méi grouss Geduecht kéint een och LED Luuchten installéieren wou och Elektroautoen kennen opgeluede ginn zum Beispill.

ELO ass den Moment wou 5 fir 12 ass, och wann schonn vill vill éischter méi nohalteg misst iwwerluecht ginn, ELO ass déi lescht Chance do. Et ass net fir d’Schold dann iergendengem aneren ze ginn, jiddereen kann säin Deel zu méi Nohaltegkeet bäidroen, all Persoun, all Gemeng an all Land. Dofir loosst eis net dorop waarden dass d’Regierung oder d’EU eis iergendeppes opzwéngt, bis dohin ass et warscheinlech souwisou ze spéit.

Enner Nohaltegkeet verstinn ech perséinlech net nëmmen d’Schützen vun Mënschen, mais och vun eisen beschten Frënn, den Déieren. Domadder sinn net just d’Hausdéieren gemengt, mais och déi Déieren déi fir Ënnerhalungszwecker mëssbraucht ginn oder um Teller landen wou se net hi gehéieren. Als passionéierten Déiereschützer froen ech mech wéi et méiglech ass dass een hautzedaags ëmmer nach mengt dass d’Juegd eppes Guddes wier, dass een Pelz droe misst oder wei een Schoulklassen/Maison Relaisen kann accordéieren en Zoo ze besichen, wat och ouni deen rezenten Skandal schonn moralesch net drobar ass. Wisou net d’Kanner sensibiliséieren an hinnen weisen dass Déieren net an e Käfeg agespaart fir eisen Spaass an fir dem Zoo säin Profit gehéieren?Oder méi Projekter fërderen déi fir d’Sensibiliséierung vun eisen Kanner an Erwuessenen do sinn am Beräich Ëmweltschutz/Déiereschutz? 

En aneren Punkt wou an dem heiten Thema och nach muss ugeschwat gin ass d’Hondssteier. Déi generéiert 46.000 Euro Recetten am Joer, fir déi Suen kéint een d’Leit och mat Rou loossen oder opmannst dofir suegen dass un all Poubelle ëmmer genuch Hondstuuten firhanden sin. Fir mech perséinlech ass eng Hondsstéier awer mëttlerweil iwerliewt an willkürlech, wisou grad een Hausdéier vun sou villen erauspicken? Aner Déieren verursaachen der Gemeng sescher méi Aarbecht an déi ginn net besteiert, do kann een och e Schratt maachen an de Leit weisen, dass een fërdert dassen se Déieren an Nout adoptéieren, wat hei awer net gemaach gëtt, obwuel een déi finanziell Mëttelen huet.

Wann mer schonn ufänken verstäerkt an den Tourismus ze investéieren, wisou dann net gratis Wifi an den ëffentlechen Gebaier/Bushaltestellen ariichten? Net jiddereen kann sech en Abo mat permanentem Internetzougang leeschten, obwuel den permanenten Internetzougang hautzedaags bal Liewenswichteg ass, net nëmmen fir d’Privatliewen, mais och fir den Beruff.

Mir fannen et och schued fir d’Jugend aus dem Jugendhaus wou e flotten Outdoor-Fitness Projet ausgeschafft hun deen 2018 vum Gemengerot schonn gestemmt gouf, nach ëmmer net vum Ëmweltministère gréng Luucht krut an déi Kanner déi en ausgeschafft hunn bestëmmt nemmei am Jugendhaus sinn wann de Projet bis do steet.

Et ginn awer och Positiv Punkten. Fir der eng Hand voll ze nennen:

Mir begréissen, dass eng nei Maison Relais gebaut gëtt an déi schonn bestoend ausgebaut ginn fir der grousser Nofro gerecht ze ginn.  Des weideren ass et och gutt dass den Terrain zu Péiteng nei gemaach gëtt, deen bis lo eng Blamage virun der FLF war. Dass den Dëschtennis zu Rolleng och e verbesserten Sall kritt begréissen mir och, si hunn missen ënner schlechten Konditiounen bis elo trainéieren an hunn awer gutt Resultater bruecht.

Mir wäerten dësen Budget mat Jo stemmen well mer net géint déi gutt Initiativen wëllen stemmen, och wann mer nach ganz vill Verbesserungspotential an bal allen Beräicher gesinn.

Merci fir d’Nolauschteren

Zesummenhang posts

Le parti Pirate a tenu le 29 septembre une conférence de presse sur le sujet “Un monde du travail équitable pour aujourd’hui et demain”.
Am Walkampfofkommes ass festgehaale ginn, dass Ministeren a Ministeschen an der Ausübung vun hirem Mandat wärend der Period vum Walkampf keng bezuelte Reklammen iwwert