De Péitenger Schäfferot huet dës Lescht ee Vott am Gemengerot iwwert déi Lëtzebuergesch Atompolitik gefrot. De Schäfferot wollt sech der weltwäiter Atompolitik unhuelen, an huet driwwer ofgestëmmt op de Lëtzebuerger Staat soll den ICAN Vertrag ënnerschreiwen.
Et kann een sech Fro stellen, wisou gräift de Péitenger Schäfferot an d’Aussen- a Sécherheetspolitik an?
An der Gemeng Péiteng ginn et wuel nach genuch Baustellen a Problemer, mat dem de Schäfferot sech beschäftege kënnt. Et sollt een net probéieren an enger Politik matschwätzen, wou hier Positioun iwwerhaapt keng Gewiicht huet.
Wat elo awer am Schäfferot wuel kee gemierkt huet ass dat et sech ëm den “falschen” Vertrag handelt. Et gëtt nämlech ee gudde Grond firwat Lëtzebuerg dëse Vertrag net ratifizéiert huet. Et ass een op eng Mail vun enger ASBL eragefall, déi opgeruff hat fir dëse Vertrag ze ënnerstëtzen.
Direkt 3 Ministeren hunn de Pirate geäntwert an erkläert firwat de Staat den ICAN Vertrag net ënnerschreift:
“Gemeinsam Äntwert vum Här Premier- a Staatsminister, vum Här Aussen- an Europaminister a vum Här Verdeedegungsminister op d’parlamentaresch Fro Nummer 2632 vum 7. August 2020 vum honorabelen Deputéierten, dem Här Marc Goergen”
An hirer Äntwert soen déi 3 Ministere kloer:
“Lëtzebuerg huet den NPT ënnerschriwwen a ratifizéiert. Dësen Traité ass säit 50 Joer den Haaptpilier vun der globaler Architektur fir d’Ofrëschtung an d’Net-Verbreedung vu Massevernichtungswaffen”
…
“Wärend d’Lëtzebuerger Regierung d’Zil vun enger Welt ouni Atomwaffe vun der «InternationalCampaign to Abolish Nuclear Weapons (ICAN)” ënnerstëtzt, sou ass e grousse Manko vum Atomwaffeverbuetsvertrag (op englesch Treaty on the prohibition of nuciear weapons) dass keen eenzegen offiziellen Nuklearwaffestaat bei senger Adoptioun an der UNO-Generalversammlung fir den Traité gestëmmt huet.
Dat ass e groussen Ënnerscheed zum NPT a léisst grouss Zweiwel opkommen iwwert d’Effikassitéit vum Atomwaffeverbuetsvertrag. Et besteet weiderhin de Risiko, dass den Atomwaffeverbuetsvertrag den Acquis vum Atomwaffesperrvertrag ënnergrueft an eng juristesch Onsécherheet um internationalen Niveau schaaft. Dobäi kënnt schlussendlech, dass den Atomwaffeverbuetsvertrag riskéiert, déi entgéint gesate Positioune weider ze verhäerten tëschent deene Länner, déi Atomwaffen hunn, an deene Länner, déi strikt dogéint sinn.”
Do huet also de Schäfferot kräfteg dernieft gegraff mat hirer Fuerderung fir ICAN ze ënnerschreiwen, mee nach vill méi:
DP, LSAP an déi Gréng hunn géint hire Minister gestëmmt. CSV huet géint eng NATO Positioun gestëmmt, déi CSV esou selwer deemools an der Regierung ausgeschafft huet.
Elo kann de Bierger sech d’Froe stellen, wei gewëssenhaft esou de Schäfferot seng Projete virbereet, a wisou een sech iwwerhaapt wëll an eng Aussepolitik amëschen.
Déi ganz Äntwert vun der Regierung:
221600
Eis Fro:
20200807_QP_GOERGEN_Ass_L_tzebuerg_fir_eng_atomwaffefr_i_Welt_pdf_10092