All Commerce an der selwechter Branche soll och selwecht behandelt ginn, dofir hate mir Piraten de Projet am Gemengerot zum Vott gestallt, fir all Commerce an der Gemeng Péiteng ze hëllefen.
Am Juli hat de Schäfferot (CSV/LSAP) zum Vott gestallt, fir zwou Firmen (LUX-MANES & MUNHOWEN) ënnert Äerm ze gräifen. Mir Pirate soen et wär net fair, just nëmmen 2 Firmen ze hëllefen.
Eis Propose fir fair Subside fir jidderee gouf mat de Stëmme vu CSV/LSAP ofgeleent, elo bleift et bei der Hëllef fir 2 Firmen an der Gemeng Péiteng. Dëst ass een Agrëff an eng Konkurrenzsituatioun.
D’COVID-19 Kris huet eis Ekonomie haart getrafft, dat ass och de Fall fir d’Gemeng Péiteng. Net nëmmen eenzel Firmen, mee ganz Aktivitéitsberäicher wéi zum Beispill de ganzen Horesca Secteur, d’Kleederbutteker a kleng Epicerien, goufen duerch déi sanitär Mesuren immens schwéier beanträchtegt.
Dofir wollte mir als Piraten, dass d’Gemeng Péiteng fair Hëllef fir all Firme festleet, déi am selwechten Aktivitéitsberäich aktiv sinn.
Mir hunn een Avis juridique ugefrot bei enger Etüd hei am Land, fir mol allgemeng ze gesinn, ob dat, wat d’Gemeng hei mécht, juristesch gesinn iwwerhaapt legal ass.
Zur allgemenger Situatioun fir d’Betriber:
Et goufen eng Villzuel un Hëllefen vum Mëttelstandsminister fir Firmen ausgeschafft, déi mir als Piraten och esoumat ausgeschafft a gestëmmt hunn a fir richteg befannen.
Dofir kann een sech d‘Fro stellen, op eng Gemeng zousätzlech och nach soll an déi lokal Ekonomie agräifen oder op dat, wat de Staat u Moossnamen geholl huet, duergeet.
Do komme mir dann op eng Prinzippie-Fro: ob a wéi wäit Gemengen an esou Situatiounen handele sollen.
Als Piraten ware mir éischter der Meenung, dass d’Gemengen sollen dem Staat an dem Fall déi Entscheedungen iwwerloossen, well esou all Betrib, egal aus wei enger Gemeng, am Land gläich behandelt gëtt an et netiwwert d’Gemengegrenzen eraus zu Ënnerscheeder kënnt.
An der Gemeng Péiteng huet de Schäfferot geziilt 2 Firmen (MUNHOWEN & LUX-MANES) duerch de Vott am Gemengerot ee Virdeel verschafft.
Aus dem avis juridique, deen dir hei virleien hutt, geet ervir:
„La réduction d’un loyer […] tel que proposé par la Commune de Pétange, tombe sous l’application du Règlement UE/1407/2013.”
„cette aide, […] crée indubitablement un avantage économique »
Mir sinn also, wei eis Aschätzung och war, hei kloer am Avantage économique, déi de Gemengerot zwou Firme ginn huet.
Elo, am Kader vun der Covid-19-Wirtschaftskris, huet d’Inneministesch Mme Bofferding den 22te Mee eng passend Circulaire eraus ginn, déi och ganz kloer seet:
„L’intéret communal comporte outre le nécessaire, également l’utile et l’agréable de la collectivité publique locale concernée »
Zousätzlech hunn Ministere Bofferding & Fayot och an der Äntwert op eis parlamentaresch Fro, geschriwwen, et ass wichteg jidderee selwecht ze behandelen.
223764D’Vergab vun ëffentleche Suen un Entreprisen ass also geknëppt un d’Utilité collective publique.
Den Avis juridique kënnt zur nämmlechter Konklusioun:
« accorder une aide spécifique à une seule entreprise parait contraire à l’intérêt communal »
A weider, wat ganz wichteg ass:
„Quelle crée une distorsion de concurrence et, le cas échéant, pourrait renforcer une position dominante , une telle aide est, à mon avis, contraire à l’intérêt communal »
Wann een also wëll eng Gemengepolitik bebréiwen déi am Interêt vun der Gemeng ass an d’Gläichbehandlung vun all Betrib garantéiert, muss et elo zu enger Korrektur kommen.
D’Fro stellt sech virun allem bei der Firma Munhowen, ob déi Hëllef iwwerhaapt an iergendenger Relatioun steetmam Bilan vun der Firma, déi an de vergaangene Joren Milliounen Beneficer gemaach huet, an och an der Coronakris, wieder huet konnte schaffen.
Ier de Gemengerot also esou ee Vott freet, hätten se missen déi generell finanziell Situatioun vun dëse Firmen opleeën, grad sou wéi dee genauen Chiffer, deen u Verloschter duerch de Covid entstanen ass. Dëst net ze maache war eng politesch Decisioun.
Just am Fall, an deem eng Firma eng speziell schwiereg finanziell Situatioun hätt, dierft een esou een politeschen Choix iwwerhaapt treffen. An da stellt sech jo awer nach ëmmer d’Fro vum Interêt communal.
Elo ass et awer sou, datt am leschten Gemengerot dës Hëllef un di zwou Firmen decidéiert gouf. D’Gemeng huet also an de Marché agegraff.
Mir mussen awer aus der ongläicher Situatioun, déi duerch de Vott am Juli entstanen ass, eraus kommen. Et misst eng fair Korrektur proposéiert ginn.
Dofir hate mir och deemools an eiser Resolutioun eng Formel proposéiert, no där all Betrib an der selwechter Branche, och selwecht behandelt geet.
PDF Embedder requires a url attribute
Déi Formule hält och juristesch d’Strooss an d’Circulaire vun der Inneministesch mécht kloer, datt dës Hëllef méiglech ass, wann een Interêt communal do ass..
Formule gesäit een „subside unique forfaitaire » fir Firmen vir, déi duerch de Covid-19 getraff goufen, gekuckt no Aktivitäitsbranche.
« Le présent subside est accordé aux fins de préserver l’intérêt communal, par le soutien des commerces concernés qui constituent un élément essentiel dans l’attractivité de la Commune de Pétange.”
Et ginn kloer Bedingungen, wien net a Fro kennt, zum Beispill
Banken, Apdikten, Tankstellen, grouss Surfacen,….
Ënnert den Artikelen 2 an 3 an der Resolutioun fannt dir déi Ausnamen.
Als Montant hu mir 4.000 € proposéiert, de Gemengerot kann do awer gären haut een anere Montant proposéieren. Dës 4.000 € sinn ee Richtwert.
Fir d’Modalitéiten, déi stinn a Reglement och dran, kann de Schäfferot och weider finanziell Informatiounen froen, esou dass voll Transparenz spillt, an all Dossier vun Firma, déi de Subsiden kritt.
Dat ass elo déi Alternativ wou mir proposéieren fir aus der ongläicher Situatioun tëscht zwou Entreprisen an dem Rescht vun der Gemeng erauszekommen, déi am leschten Votten hei am Gemengerot entstanen ass.
Et ass eigentlech eng Grondsätz-Diskussioun, déi hei gefouert geet, wei een Gläichheet, ob elo bei Firmen, Veräiner oder aner Aktivitéiten an der Gemeng, ugesäit.
Dofir ass et och een politeschen Choix vun enger Positioun, déi een anhëlt, déi wuel och fir Zukunft fir esoumunch Entscheedungen eng Richtlinn stellt.
Vott fir déi Resolutioun vum gemeinsame Subside fir de Commerce:
Piraten: JO
CSV, LSAP, déi Gréng & DP: Nee