Covid-Test-Statioun zu Péiteng

Am Kader vum Large Scale Testing si verschidden Zentren zäitweis un hier Limitte komm. Elo gouf op verschidde Platzen opgestockt an deelweis néi Test-Statiounen (LST) opgemaach wéi zum Beispill zu Stroossen.

An deem Kader hunn mir Piraten d’Gesondheetsministesch op de Site vum Carena an der rue Eucosider zu Péiteng opmierksam gemaach, deen eiser Meenung no eng gutt Platz wier fir eng Test-Statioun.

D’Ministesch huet eis geäntwert, dass esou eng Test-Statioun am Moment net virgesi wier, mee dass am Fall wou nach weider LST missten opgemaach ginn, de Site vu Péiteng sécherlech eng Optioun wier.

Mir Pirate sëtzen eis och weiderhi fir eis Matbierger zu Péiteng an am ganze Land an, an hoffen dass dës Kris geschwënn op een Enn kënnt.

Zesummenhang posts

Den Doud vun engem Zuchführer a Rheinland-Pfalz no engem gewalttätegen Ugrëff am Kader vun enger Ticketkontroll huet d’Fro vun der Sécherheet am ëffentlechen Transport
Viru Kuerzem gouf de Streckeverlaf vun der Linn 7 vum TICE geännert an d’Buslinn fiert elo net méi laanscht de Centre hospitalier Emile Mayrisch