Elektroautoe brauchen E-Luetstatiounen. Wéi wäit ass Lëtzebuerg ?

D’Piraten hunn de Mobilitéits- an dem Energieministeren eng Fro zum Ausbau vun den Elektro-Luetstatioune gestallt. Am Folgende fannt dir den Text vun eiser Fro: D’Regierung huet am Koalitiounsofkommes d’Transitioun op d’Elektromobilitéit als ee Käruleies definéiert, woubäi d’Part vum Elektroauto op eise Stroossen iwwert den Taux vun aktuell 1,8% klamme soll. Read more…

Elektroautoen an der Regierung: Mam gudde Beispill virgoen?

D’Piraten hunn de Ministerë fir Mobilitéit & Energie eng parlamentaresch Fro iwwert d’Elektroautoen am Fuerpark vun der Regierung gestallt. Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro: Am Koalitiounsaccord vun der Regierung gëtt den Ausbau vun der Elektromobilitéit als eng Prioritéit definéiert. D’Zil ass, de Privatmarché ewech vum Verbrennungsmotor hin Read more…

Ried iwwert d’Infrastrukturprojekter

Gesetzesprojekt 7397 iwwert d’Finanzéierung vun 33 Bauteprojeten, dorënner den Tram.
Vott Piraten: Enthalung

M. Marc Goergen (Piraten).- Här President, fir d’Éischt emol Merci dem Här Back fir deen ausféierleche Rapport iwwert déi 33 Projeten. Dat sinn 33 Projeten, wou een awer och herno muss un déi Leit denken, déi déi Projete mussen ëmsetzen. An dat sinn herno d’Aarbechter, déi op de Chantiere wäerte schaffen. An do wäerte mir awer ganz kloer drop kucken, dass déi Firmen, déi do engagéiert ginn, och wierklech d’Aarbechtskonditiounen anhale wäerten, well et ass net ëmmer esou einfach, um Bau ze schaffen; dat däerf een och net vergiessen, bei all dëse Milliouneprojeten.

An dofir wäerten d’Piraten sech och dergéintstellen, wann, wéi an der Press ugekënnegt, déi Diskussioun wäert kommen, ob een de Congé collectif elo oplockert oder net, fir dass d’Patronen nach méi schnell kënne bauen, deementspriechend, well déi Leit geschützt misste gi virun de Wieder- an de Meteobedéngungen.

Weiderliesen

Präiserhéijunge bei der SNCT

Wéi op der Website vun der SNCT publizéiert, sinn d’Präisser vum Contrôle Technique an d’Luucht gaangen. Esou ginn innerhalb vun engem Joer den Dreifstoff an de Contrôle Technique méi deier. D’Pirate stelle fest, dass déi Erhéijunge gutt an déi aktuell Anti-Auto-Politik vun eiser Regierung passen. Dofir hu mer dem Minister fir Mobilitéit Read more…

Copilote-App

Les problèmes liés au trafic, sur toute la région transfrontalière, s’avèrent de plus en plus dramatiques. À la fin de l’année 2017, le Statec compte 186 649 salariés frontaliers issus de France (96 588), de Belgique (45 179) et d’Allemagne (44 882). Le maire de Terville, en Lorraine, Patrick Luxembourger lance un appel à Read more…

Streckeradaren zu Lëtzebuerg!

Kuerz virun de Feierdeeg hunn d’Piraten dem Här Bausch, dee jo Minister fir Mobilitéit souwéi Banne Sécherheet ass, eng parlamentaresch Fro zu sengem Plang vum Opriichte vu sougenannte Streckeradaren (radars-tronçon) gestallt. Bei deene Radare gëtt all Autofuerer systematesch vum éischte Radar erfaasst an nom Passéiere vun engem zweete Radar gëtt eng Moyenne gerechent Read more…