ACCOUNT

Wéi een Impakt huet d’Primm fir Elektroautoen bis elo gehat?

Ecological, electric car on white background

D’Piraten hunn an 3 parlamentaresche Froen Informatiounen zum Impakt vun der Primm fir Elektroautoen nogehaakt. Mir wëlle wëssen, ob d’Elektroprimm alle Leit hëlleft oder just enger méi räicher Clientèle. Dofir wëlle mer och wëssen, wéi déck d’Autoe sinn, di mat der Primm kaf ginn an ob duerch d’Primm d’Verkeef vun Elektroautoen am Verglach zum klassesche Verbrenner iwwerhaapt an d’Luucht gaangen… Continue reading Wéi een Impakt huet d’Primm fir Elektroautoen bis elo gehat?

Vëlosprimm

D’Regierung huet decidéiert de Kaf vu Vëloen zu Lëtzebuerg méi ze subventionéieren. Iwwert de Klimafong gëtt de Kaf vun engem neie Vëlo mat bis zu 600 Euro ënnerstëtzt. Wéi de Mobilitéitsminister op RTL erkläert huet, fueren dausende Leit pro Dag mam Vëlo. Et handelt sech – an de Wieder vum Minister – ëm ee reegelrechte… Continue reading Vëlosprimm

E-Mobilitéit mat Stroum aus fossillen Energieträger?

electricity transmission closeup pylon with a blue sky

Wéi aus dem Etiquetage vun Enovos vun 2018 ervirgeet, huet den nationale Stroummix 2018 zu 10,4% aus Atomstroum an zu 34,0% aus fossiller Energie bestanen. D’Enovos selwer bitt hiren eegenen Zuelen no all hire Clienten e Stroummix un, deen zu 35,2% aus Fossillenergien an zu 9,4% aus Atomstroum besteet. National sollen 2018 duerch d’Notzung vu… Continue reading E-Mobilitéit mat Stroum aus fossillen Energieträger?

40000 Elektroautoen bis 2020?

Electric charge station. Car charging symbol painted on asphalt. Ecology fuell concept.

Den deemolegen an aktuelle Mobilitéitsminister hat an engem Interview vum 16te September 2017 am Tageblatt ugekënnegt, dass bis d’Joer 2020 insgesamt 40000 Elektroautoen op eise Stroosse rulle sollen.  Wéi a verschiddene Autorevuen ze liesen ass, bedroen d’Liwwerzäite fir Elektroautoen tëschent 3 an 12 Méint. Falls d’Demande vun den Elektroautoen am globale Kontext weider sollt steigen… Continue reading 40000 Elektroautoen bis 2020?

Speziell Nummereschëlter fir Elektrogefierer?

Electric vehicle charging stations

U waarmen Deeg gëtt d’Vitesslimitatioun ob den Autobunnen oft ob 90km/h erofgesat. Och Elektroautoen, déi eigentlech net zu enger Erhéijung vun den Ozonwäerter bäidroen, mussen sech un dës Limitt halen. Dat geet aus der Äntwert vum Mobilitéitsminister op d’parlamentaresch Fro Nummer 960 vum Deputéierte Marc Goergen ervir, an där hie schreift, datt ënnerschiddlech Vitesslimitatioune fir Elektro-Gefierer net duerchsetzbar wieren,… Continue reading Speziell Nummereschëlter fir Elektrogefierer?

Elektroautoe brauchen E-Luetstatiounen. Wéi wäit ass Lëtzebuerg ?

D’Piraten hunn de Mobilitéits- an dem Energieministeren eng Fro zum Ausbau vun den Elektro-Luetstatioune gestallt. Am Folgende fannt dir den Text vun eiser Fro: D’Regierung huet am Koalitiounsofkommes d’Transitioun op d’Elektromobilitéit als ee Käruleies definéiert, woubäi d’Part vum Elektroauto op eise Stroossen iwwert den Taux vun aktuell 1,8% klamme soll. Fir de gudde Fonktionnement vun… Continue reading Elektroautoe brauchen E-Luetstatiounen. Wéi wäit ass Lëtzebuerg ?

Elektroautoen an der Regierung: Mam gudde Beispill virgoen?

D’Piraten hunn de Ministerë fir Mobilitéit & Energie eng parlamentaresch Fro iwwert d’Elektroautoen am Fuerpark vun der Regierung gestallt. Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro: Am Koalitiounsaccord vun der Regierung gëtt den Ausbau vun der Elektromobilitéit als eng Prioritéit definéiert. D’Zil ass, de Privatmarché ewech vum Verbrennungsmotor hin zum Elektrountrib ze beweegen an… Continue reading Elektroautoen an der Regierung: Mam gudde Beispill virgoen?

Primmen fir knaschtëg Batterien?

Fir Elektroautoen ze bauen, brauch ee leeschtungsstaark Batterien. Fir dës Batterien ze baue brauch ee seele Metaller wéi Lithium oder Kobalt. Dës Metaller ofzebauen ass awer bedenklech, wann ee weess, dass den Ofbau aktuell weder ökologesch nach mat sozial héije Aarbechtstandards am EU-Ausland verbonnen ass. Aus dësem Grond hunn d’Piraten de Ministere fir Energie, Ëmwelt… Continue reading Primmen fir knaschtëg Batterien?