Ried iwwert d’Infrastrukturprojekter

Gesetzesprojekt 7397 iwwert d’Finanzéierung vun 33 Bauteprojeten, dorënner den Tram.
Vott Piraten: Enthalung

M. Marc Goergen (Piraten).- Här President, fir d’Éischt emol Merci dem Här Back fir deen ausféierleche Rapport iwwert déi 33 Projeten. Dat sinn 33 Projeten, wou een awer och herno muss un déi Leit denken, déi déi Projete mussen ëmsetzen. An dat sinn herno d’Aarbechter, déi op de Chantiere wäerte schaffen. An do wäerte mir awer ganz kloer drop kucken, dass déi Firmen, déi do engagéiert ginn, och wierklech d’Aarbechtskonditiounen anhale wäerten, well et ass net ëmmer esou einfach, um Bau ze schaffen; dat däerf een och net vergiessen, bei all dëse Milliouneprojeten.

An dofir wäerten d’Piraten sech och dergéintstellen, wann, wéi an der Press ugekënnegt, déi Diskussioun wäert kommen, ob een de Congé collectif elo oplockert oder net, fir dass d’Patronen nach méi schnell kënne bauen, deementspriechend, well déi Leit geschützt misste gi virun de Wieder- an de Meteobedéngungen.

(Interruption par M. François Bausch)

An der Press war eng Kéier esou eng Ausso, an Dir hat déi Ausso och an der Kommissioun gemaach.

M. François Bausch, Ministre de la Mobilité et des Travaux publics.- Et gëtt eng Ausnamebestëmmung, Här Goergen, déi seet …

Här President, erlaabt mer, ech wier frou, wa mer hei net Saache soe géifen, déi net stëmmen! Ech mengen, d’Piraten si jo fervent derfir, dass een net mat Fake News schaffe soll.

Wat ech gesot hunn, dat ass dat, wat am Gesetz virgesinn ass. Dofir gëtt et och eng staatlech Kommissioun, déi decidéiert all Joers, wéini am Congé collectif wou ka geschafft ginn. Dat, wat ech gären hätt, dat ass, dass op kruzialen, sensibele Kräizungen, ob et um Boulevard Royal ass oder am Eecherbierg oder op anere Plazen, wou mer wëssen, dass et sech am Congé collectif natierlech besser schaffe léisst, dass do kënnen Ausnamebestëmmunge gemaach ginn. Dat ass am Gesetz virgesinn.

An ech hoffen, dass jiddwereen heibannen der Meenung ass, dass mer dat onbedéngt musse kréien.

Plusieurs voix.- Très bien !

Une voix.- Très, très bien !

M. Marc Goergen (Piraten).- Do hu mer dann en anere Point de vue, well mir jo wëssen, wann eng Exceptioun ass, zu wéi villen Exceptiounen dat herno am Aarbechtsrecht wäert féieren.

(Interruption)

Zum gratis ëffentlechen Transport: Do si mir Piraten natierlech elo ganz frou, dass och déi aner Parteien endlech agesinn hunn, dass dat dee richtege Projet ass.

(Interruption)

2013 goufe mer dofir nach ausgelaacht. Haut ass et e Fakt, dass de gratis ëffentlechen Transport kënnt. A mir freeën eis deementspriechend, dass do awer nach d’Prioritéit och op der Qualitéit ass.

Dann d’Utilité publique, dat ass en Instrument, wou mer ganz gutt oppasse mussen, well mer do herno an d’Prozedure vun den Enteegnunge kommen. Dat ass ëmmer eng Gratwanderung, wéini dass eng Utilité publique vorhanden ass a wéini net. Deementspriechend ass dat en Instrument, wat mat ganz vill Virsiicht ze genéissen ass.

Mir wäerten net op déi eenzel 33 Projeten agoe mangels Riedezäit, mä mir hunn eis der e puer erausgepickt, déi eis um Häerz leien.

Esou begréisse mir natierlech, dass de Lycée zu Esch nei Informatikssäll soll kréien, fir och d’Kommunikatioun auszebauen an Informatiker deementspriechend auszebilden. Mir wëllen awer do nach eng Kéier drun erënneren, dass d’Schüler am Moment bei den Trapen ëmmer gesinn, dass nach Eemeren dostinn, wou et an d’Gebai erareent. Deementspriechend wär et och flott, wann dat Gebai eng Kéier ënnerhale géif ginn, ier mer elo dat neit grousst abauen.

Mir sinn ëmsou méi frou, dass déi variabel Busspuren, déi och an eisem Programm ze fanne waren, elo ëmgesat ginn. Dat ass e ganz zukunftsträchtegt Konzept, wat mir och ënnerstëtzen.

D’Ubannung vum Findel ass wichteg a richteg, well, wéi jiddweree weess, d’Touristen, déi heihinnerkommen, eng Kéier ganz béis erschrecken, wa se en Taxi huele mussen oder éiweg mam Bus ënnerwee sinn. Deementspriechend ass ze begréissen, dass den Tram elo bis op de Findel wäert fueren.

Wat den Tower ubelaangt, si mer frou, dass dat och e Bekenntnis dozou ass, dass den Tower och an Zukunft zu Lëtzebuerg wäert bleiwen an net eng Digitaliséierung wäert stattfanne wéi zu Saarbrécken.

Wou mer dergéint sinn, ass den Tram bis op Esch. Mir gesinn dee Projet als Milliounegraf, deen herno ganz schwiereg ze realiséiere wäert sinn, wann een d’Brécke bezéiungsweis déi eenzel Weeër kuckt, déi ee misst bis op de Belval realiséieren. A mir hoffe jo dann, wann déi Vëlospist gebaut gëtt, dass déi och net ze no bei d’Autobunn gebaut gëtt, well deementspriechend dat net dat Bescht fir d’Gesondheet wär.

Mir gesinn et och ganz kritesch, wann d’Standspuren elo fir den Trafic benotzt solle ginn, well déi e Sécherheetsnotze gehat hunn an deen och ze erhalen ass, well och moies am Beruffsverkéier et nach ëmmer virkomme kann, dass en Auto en panne fält. A mir hunn och eng Alternativ zum Tram op Esch, an dat ass en Expresszuch vun Esch an d’Stad, deen ënner 20 Minutte géif an der Stad ukommen, mat vill manner Käschten an et bräicht een net en Tram nei ze bauen.

Genausou kritesch gesi mer den Tram op der Route d’Arlon, wou mer gemooss hunn, dass et ganz schwiereg wäert ginn, fir déi Breet ze erreechen, déi an deem Projet virginn ass. Deementspriechend si mer do gespaant, wéi den Här Minister dat ëmsetze wäert.

Ganz frou si mer, dass endlech de Markusbierg am Tunnel renovéiert wäert ginn, well, wësst Der, wann Der mat engem Veräin do ënnerwee waart, war dat ëmmer e ganz schéine Spaass, well et op eemol war wéi op der Achterbunn, wann Der iwwert d’Lach am Markusbierg gefuer sidd.

Une voix.- Wann Der ze schnell fuert!

M. Marc Goergen (Piraten).- Wann de Bus ze schnell fiert an och wann een net schnell fiert souguer! Deementspriechend si mer ganz frou, dass dee Projet elo virukënnt an dat Lach gefléckt wäert ginn.

D’Park & Ridë gesi mer kritesch, well mir der Meenung sinn, dass Park & Riden am Ausland gebaut solle ginn. Elo kommen erëm 600 Autoen, déi op Fréiseng kommen an deementspriechend esou vill Trafic generéieren. Do wär d’Léisung gewiescht, dass ee mat den Nopeschlänner kuckt, fir déi Park & Riden ze bauen.

Wat den Norde betrëfft, ech mengen, mir hunn et grouss an de Wahlen affichéiert, sti mir och nach ëmmer dozou, dass d’N7 soll ausgebaut ginn op véier Spuren.

à vérifier svp M. Fernand Kartheiser (ADR).- Très bien !

Une voix.- Aah!

(Hilarité)

M. Marc Goergen (Piraten).- An dann nach …

Une voix.- Elo hu mer geschwënn eng Majoritéit.

(Hilarité, interruptions et coups de cloche de la présidence)

M. Fernand Etgen, Président.- Den Här Goergen huet d’Wuert, an hien eleng!

M. Marc Goergen (Piraten).- Dann nach e puer Projeten, déi eis um Häerz geleeën hätten, awer leider net hei erëmzefanne sinn. Mä mir ginn et als klenge Memo mat. Vläicht hëlt den Här Minister et jo mat a wäert se ëmsetzen. Dat wär endlech emol eng Léisung fir de Schluss vun der A13 zu Péiteng, wou um (veuillez lire: virum) Rond-point e Stau steet vu Kilometeren, an endlech deen Tunnel ze bauen, dee souguer virgesi war, awer wahrscheinlech elo erëm vergiess ginn ass. Péiteng wäert do wahrscheinlech ze süüdlech leien, fir dass een doru geduecht hätt.

De Ring fir d’Stad. Jo, mir sinn e Fan dovun, dass de Ring vun der Stad endlech zougemaach gëtt, dass ee ka ronderëmfueren an de Westcontournement deementspriechend géif entstoen.

Eis Konklusioun ass zum Schluss, dass mir eis bei de Projeten enthale wäerten, well mir mat deem Tram bis op Esch net kënnen d’accord sinn an déi aner Projeten net genuch Gewiicht hunn, fir deementspriechend ze soen, dass mer awer derfir géife stëmmen. Dofir enthale mir eis, well mer vehement géint den Tram op Esch sinn.

Merci.

Chambersëtzung vum Februar

Zesummenhang posts

D’Post bitt zënter 2023 de Service vum online Recommandé un, mat deem ee Bréiwer iwwert den elektronesche Wee kann un een Destinatäre fortschécken. D’Post
A menge parlamentaresche Froe n°3813 an 3927 hat ech op d’Situatioun vun Déierenbesëtzer um Wunnmarché opmierksam gemaach, wou et virkënnt, dass Locatairen verbuede kréien,