Nofro zur Besteierung vu Fluchhafenaktivitéiten

Op eis Fro, ob d’Regierung Wëlles huet Kerosin ze besteieren, krute mir nawell e puer Äntwerten. Mir wollten awer nach weider Detailer zu der Regierung hirer Strategie fir de Findel kréien. Hei ass eis Nofro.

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Mobilitéit, Emwelt, Klima a nohalteg Entwécklung & Wirtschaft weiderzeleeden.

An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°780 huet d’Regierung hir Positioun iwwert d’Besteierung vu Fluchreesen erkläert, ouni sech dobäi op eng konkret Mesure festzeleeën. D’Regierung verweist op d’Siche vun enger europäescher Solutioun.

D’Regierung erkläert weiderhin “datt d’Externalitéiten vun de verschiddenen Transportmëttele solle korrekt berücksichtegt ginn a sech an dem entspriechende Präis erëmspigelen.” Domat beäntwert si mir awer net meng Fro, ob si aschätzt, dass potenziell Ëmweltmesüren an déi dovun ausgoend potenziell Präiserhéijungen d’Mobilitéit vu sozioekonomesch méi schwaachen EU-Bierger net beanträchtege wäerten?

Des Weideren ass d’Regierung och net op d’Opportunitéit vun enger Impaktetüd vun enger Kerosinsteier fir de Findel agaangen.

Um leschte Punkt vu menger Fro verweist d’Regierung op eng europäesch Steier fir de Fluchverkéier anzedämmen, mee ëmgeet domadder meng Fro zu de Passagéierzuelen um Findel.

Et bleiwen also nach gewëssen Onkloerheeten, ob d’Regierung fir déi nächst Joren ee konkrete Plang fir de Findel virweise kann.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Aus menger leschter Fro: Wéi steet d’Regierung zu der Ausso, dass potenziell Ëmweltmesüren an der Fluchindustrie an déi dovun ausgoend potenziell Präiserhéijungen d’Mobilitéit vu sozioekonomesch méi schwaachen EU-Bierger verschlechtere wäert? Anescht formuléiert: ass d’Regierung bereet Ëmweltmoossnamen, och an der EU, ze ënnerstëtzen, wëssend, dass eng Steigerung vun de Fluchpräisser de Passagéier mat klengem Portmonni benodeelegt?
  2. Bezitt sech d’Tarifikatioun, déi d’Regierung am éischte Punkt vun hirer Äntwert ernimmt, och op de Cargoberäich?
  3. Vu, dass d’Regierung aktuell nach keng eegen Impaktetüd vu verschiddenen Zeenarie fir de Findel erstallt huet, wär et net opportun an nächster Zäit esou Analysen an Opdro ze ginn fir preparéiert un d’Saachen unzegoen?
  4. D’Regierung schreift an hirer viregter Äntwert vun engem exterme Wuesstum vum Flugverkéier. 
    • Ab wéi enger Quantitéit definéiert sech ee Wuesstem als “extrem”?
    • Consideréiert d’Regierung de Wuesstem um Findel als extrem?
  5. Wéi wichteg ass de Fluchhafe Findel fir d’lëtzebuergesch Wirtschaft? 
    • Wéi vill Aarbechtsplazen (direkt an indirekt) si mat den Aktivitéite vum Fluchhafen verbonnen?
    • Wéi vill Steierrecettë generéiert de Staat all Joer duerch d’Aktivitéiten vum Fluchhafen?

Mat déiwem Respekt,
Marc Goergen
Député

Zesummenhang posts

D’Post bitt zënter 2023 de Service vum online Recommandé un, mat deem ee Bréiwer iwwert den elektronesche Wee kann un een Destinatäre fortschécken. D’Post
A menge parlamentaresche Froe n°3813 an 3927 hat ech op d’Situatioun vun Déierenbesëtzer um Wunnmarché opmierksam gemaach, wou et virkënnt, dass Locatairen verbuede kréien,