Pistenerneierung um Findel

A senger Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°1273 vum éischten Oktober 2019 hat de Minister fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechten geäntwert, datt d’Pistenerneierung um Findel fir d’Fréijoer 2021 virgesi wär a ronn zwee Joer dauere wäerten. 

Iwwert déi zwee Joer wäert all Nuecht am Fréijoer bis an den Hierscht eran tëschent 23h00 a 6h00 d’Landepiste um Findel zoumaachen, fir datt d’Piste da Meter fir Meter kann erneiert ginn. Dës Schléissung ass néideg, well um Findel jo nëmmen eng Piste existéiert, déi am Normalbetrib ab 6h00 erëm muss disponibel sinn.

Wärend der Coronakris ass vun Normalbetrib um Findel allerdéngs net ze schwätze gewiescht. Wéinst de Grenzschléissungen uechter Europa ass de Passagéierverkéier um Findel zum Stëllstand komm. 

Nieft den Aktivitéiten am Cargoberäich goufen et just nach vereenzelt Trainingsflich, medezinesch Evakuéierungen vu Persoune mat Gesondheetsproblemer a Staatsflich, bei deene kee Cargo op- oder ofgeluede gouf, wéi de Minister eis op eis Fro n°2272 geäntwert hat.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat huet Luxairport wärend dëser dach roueger Period um Findel net schonns mat der Pistenerneierung ugefaangen, wëssend, datt d’Erneierung ronn 2 Joer an Uschlag hëlt, et alternativ Landepisten an der Groussregioun ginn an een esou schonns e puer Méint hätt kéinte mat der Erneierung weiderkommen?

  2. Wéi vill Fluchbeweegunge goufen et am Duerchschnëtt pro Dag um Findel
    • virun Ufank vum Ausnamezoustand?
    • wärend dem Ausnamezoustand?
    • nom Ausnamezoustand?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2561

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene