Nofro: Parkingsfraisen um Findel

Ween kennt dat net: Et fiert een pünktlech ob de Fluchhafen, fir een sichen ze goen, an stellt dann fest, dass de Fliger Verspéidung huet. Wann een sech dann ob een vun de Kuerzzäitparking gestallt huet, kann dat schnell deier ginn. Mir hunn beim Minister fir Mobilitéit nach eng Kéier nogefrot, ob et net Méiglech misst sinn, hei eng Form vu Remboursementer anzeféieren.

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un de Minister fir Mobilitéit weiderzeleeden. A senger Äntwert op meng Fro N° 822 huet de Minister Bausch geschriwwen: « d’Tariffer fir d’Parke leien am internationale Verglach scho bei deene Bëllegsten » ouni z’erklären vu wou dës Ausso kënnt oder wéi eng Daten dës Ausso ënnermaueren.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Op wéi eng Daten berifft sech de Minister fir dës Ausso ze treffen?
  2. Kann de Minister der Chamber déi Studien respektiv Artikelen zur Verfügung stellen?
  3. Berücksichtegen dës Studien oder Artikelen de besonneschen Ëmstand, deen ech a menger Fro N° 822 opgeworf hunn, vu Leit, déi manner wéi eng Stonn parken fir een Familljemember oder Bekannten um Fluchhafe sichen ze goen? Falls nee, wéi kënnt de Minister zu der Ausso, déi en a senger Äntwert formuléiert huet?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene