Präventioun vum Coronavirus um Findel

Säit dem 29te Mee 2020 fléien no bal 2 Méint Paus erëm Fligere vum Findel fort. De Mobilitéitsministere hat den 30te Mee 2020 annoncéiert, datt all Passagéier, deen an engem Fluch um Findel ukënnt, ee Bong kritt, fir sech gratis op de Covid-19 testen ze loossen.

Zanterdeem gi Covid-19-Tester direkt um Findel ugebueden an donieft ginn d’Passagéier op Fluchreese gebieden een Public Health Passenger Locator Form auszefëllen, mat deem eng Rei vu perséinlechen Donnéeë vun de Passagéier erfaasst ginn.

No eise Kenntnisser si bei mindestens engem Vol, wann net bei méi Vollen, een oder méi Passagéier positiv op de Covid-19 getest ginn an d’Direction de la Santé huet déi sougenannten Public Health Passenger Locator Form bei der Airline gefrot. D’Amendements parlementaires zum Gesetzesprojet 7606 schafen eng Base légale fir d’Kommunikatioun vum Public Health Passenger Locator Formun d’Direktioun vun der Santé. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Ministesch confirméieren, dass d’Direction de la Santé d’Passagéierdonnéeë vum Public Health Passenger Locator Form gefrot huet? Falls jo, wat ass d’Base légale vun dëser Demande? 

  2. Kann d’Ministesch confirméieren, datt Passagéier um Findel zanter dem 29te Mee positiv op de COVID-19 getest goufen? Falls jo, wéi vill Fäll goufen enregistréiert an huet d’Santé hier Kontakter tracéiert an déi aner Passagéier doriwwer informéiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2390

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene