COVID-19-Tester um Findel

De Mobilitéitsministere hat den 30te Mee 2020 annoncéiert, datt all Passagéier, deen an engem Fluch um Findel ukënnt, ee Bong kritt, fir sech gratis op de COVID-19 testen ze loossen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Passagéier hunn de Bong ugeholl an ageléist?

  2. Goufe schonns Passagéier positiv op de COVID-19 getest? Falls jo, wéi vill Fäll goufen enregistréiert a goufen déi aner Passagéier doriwwer informéiert?

  3. Iwwerhëlt Luxairport d’Käschte fir dës Tester oder ginn se vum Gesondheetsministère bezuelt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2344

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt