Walrecht fir EU-Bierger bei de Gemengewalen

Den 12ten Mee 2021 huet de Sven Clement am Numm vun de Piraten eng néi Gesetzespropositioun an der Chamber agereecht.

Ëm wat geet et?

D’Pirate fuerderen, dass och d’Residenten, déi keng Lëtzebuerger Nationalitéit hunn, kënne méi einfach bei de Gemengewale matmaachen. Haut ass et nämlech esou, dass vun de ronn 250’000 EU-Bierger am Land, nëmmen 23% op Wielerlëschten ageschriwwe sinn. Konkret schléit d’Propositioun fir, den Delai vu 5 Joer, déi een als EU-Bierger muss am Land gelieft hunn, fir dierfe bei de Gemengewalen ofzestëmmen, gestrach gëtt, an dass d’Gemengen all néien EU-Resident bei der Umeldung op der Gemeng iwwert d’Méiglechkeet, sech op eng Wallëscht androen ze loossen, opklären.

Duerch dës Mesure kéinten also nach vill méi Bierger am Land mat iwwert d’Politik an hire jeeweilege Gemengen ofstëmmen. D’Pirate sti fir méi gelieften Integratioun an ee Walrecht bei de Gemengewale gehéiert do fir eis dozou.

 

An engem Interview am Delano geet de Sven Clement an d’Détailer vum Projet

 

Verlaf an der Chamber

Hei fannt dir de ganzen Text vun der Gesetzespropositioun:

DE:

Am 12. Mai 2021 hat der Piraten-Abgeordnete Sven Clement einen neuen Gesetzentwurf eingereicht. In diesem Antrag fordern die Piraten, dass nicht-luxemburgische Einwohner in unserem Land einen vereinfachten Zugang zu den Kommunalwahlen erhalten sollen. Im derzeitigen System nehmen nur 23% der 250’000 Einwohner mit der Staatsangehörigkeit eines EU-Landes an den Kommunalwahlen teil. Unser Vorschlag zielt darauf ab, dass die Wohnsitzklausel für Einwohner mit der Staatsangehörigkeit eines EU-Landes abgeschafft wird und dass die Gemeindeverwaltungen jeden neuen Einwohner bei seiner Anmeldung, über die Möglichkeit der Eintragung in die Wählerliste informieren müssen. 

 

Sollte dieser Vorschlag angenommen werden, würde dies vielen Luxemburger Einwohnern die Möglichkeit geben, bei kommunalen Wahlen mitzuentscheiden. Die Piratenpartei setzt sich für gelebte Integration aller Einwohner im Land ein und sieht das Wahlrecht auf kommunaler Ebene als wichtigen Teil einer gelungenen Integrationspolitik.  

Zesummenhang posts

Le parti Pirate a tenu le 29 septembre une conférence de presse sur le sujet “Un monde du travail équitable pour aujourd’hui et demain”.
Am Walkampfofkommes ass festgehaale ginn, dass Ministeren a Ministeschen an der Ausübung vun hirem Mandat wärend der Period vum Walkampf keng bezuelte Reklammen iwwert