SMS-Invitatiounen fir ugefaangen Impfdosen

Context:Gesetzesprojet 7784

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • D’Santésministesch an de Premierminister hunn an enger parlamentarescher Fro (n°3814) ze erkenne ginn, dass et virkënnt, dass ugefaange Flaconen an den Impfzenter um Schluss vum Dag iwwereg bleiwen ;
  • Aus der Äntwert geet och ervir, dass déi momentan Prozedur esou ass, dass d’Responsabel aus dem Impfzenter an enger véierter Etapp kënnen perséinlech Persoune kontaktéieren, déi laut Impfplang nach net dru wieren;
  • An Däitschland, zum Beispill an der Stad Duisburg, existéiert ee Pilotprojet fir ee System, dee per SMS um Enn vum Dag nach Persounen invitéiert, fir dës ugefaange Impfdosen ze verschaffen ;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. een automatiséierte System opzestellen, mat dem Owes per SMS géingen déi Leit invitéiert ginn, déi, nom Impfplang, als nächst un der Réi wiere, fir nach deen Dag selwer eng Impfung ze kréien.

 

Dës Motioun gouf an d’Digital-Kommissioun verwisen a mir hoffen, dass dëse Sujet schnellst méiglech behandelt gëtt.

UPDATE 20.04.2021 
Scho gläich soll et esou wäit sinn: Impfdosissen, déi um Enn vum Dag an de Covid-Impfzentren an de Flacone recht bleiwen, sollen u Fräiwëlleger verdeelt ginn, déi sech op enger Lëscht aschreiwe kënnen. Ageschriwwe Persoune solle per Telefon kontaktéiert ginn, an esou d’Méiglechkeet zu enger spontaner Impfung mat enger Impfdosis kréien, déi ouni dëse System an d’Poubelle geflu wär.

D’Pirate freeën sech, dass hier Propose bei der Regierung Uklang fonnt huet an hoffen, dass d’Lëscht, op där sech Fräiwëlleger aschreiwe kënnen, elo esou séier wéi méiglech opgeet, fir dass keng Impfdosisse méi verschwent ginn.
D’Motioun gouf den 20.04.2021 an enger Commission jointe Digi-Santé behandelt, an d’Regierung war d’Accord sou een System zu Lëtzebuerg opzestellen.

Zesummenhang posts

Le parti Pirate a tenu le 29 septembre une conférence de presse sur le sujet “Un monde du travail équitable pour aujourd’hui et demain”.
Am Walkampfofkommes ass festgehaale ginn, dass Ministeren a Ministeschen an der Ausübung vun hirem Mandat wärend der Period vum Walkampf keng bezuelte Reklammen iwwert