Endlech méi Tranzparenz an der Politik (Lobbykalenner)

Wat ass ee Lobbykalenner?

De Lobbykalenner ass ee Register (=eng Lëscht), an där d’Reunioune vun den Deputéierte mat Interessegruppen ëffentlech publizéiert ginn. Beim Lobbykalenner geet et drëm d’Transparenz vun der Politik z’erhéijen. D’Biergerinnen a Bierger sollen einfach kënnen nokucke mat wéi engen Organisatiounen sech Politiker getraff hunn a wat während dësem Treffe beschwat gouf.

Lobbycal bei de Piraten

D’Piraten-Deputéiert Clement a Goergen benotze säit hirem Untrëtt ee Lobbykalenner, de LobbyCal, deen dir hei um Site fannt. D’Daten, déi am LobbyCal agedroe ginn, kënne benotzt gi fir z’analyséieren, wéi eng Organisatiounen een Afloss op wéi eng Deputéiert an op wéi eng Themen hunn.

Ee Lobbyregister fir d’Chamber

2019 hunn d’Piraten eng schrëftlech Propositioun gemaach, fir de Lobbyregister an d’Chambersreglement anzeféieren.

Dës Propos baséiert sech zum Deel op de Recommandatioune vum Groupe d’État contre la corruption (GRECO) a gräift d’Iddi vum Lobbyregëster op, deen déi belsch Deputéiert benotzen.

D’Propositioun gouf an der Chamber wärend 2 Joer hin an hier diskutéiert. Am Juli 2021 war den Dossier ofgeschloss a sollt u sech an der Chamber gestëmmt ginn. Dunn koum d’CSV an engem Avis juridique, deen si an Optrag ginn haten, zur Konklusioun, dass de Projet ze wäit géing goen. No e puer Ofännerunge gouf de Projet dunn ugepasst an am Dezember 2021 endlech gestëmmt.

Mat dem gestëmmten Text gi kloer Reegele geschaft: et ass net méi un den Deputéierten, hier Reuniounen unzeginn, mee et ass un de Lobbyisten, fir sech an d’Transparenzregëster an der Chamber anzedroen. Et sinn also d’Intressevertrieder, déi sech musse bei der Chamber mellen an dat esoubal si an enger Reunioun Aflooss op een Deputéierte wëllen huelen.

D’Berufskummere sinn d’office vun dëser Obligatioun ausgeschloss. Den Transparenzregëster ass ëffentlech a kann iwwert chd.lu vu jidderengem agesi ginn. Kontakter tëschent Deputéierten an Eenzelpersounen, déi de Politiker am Privatinteressi eppes iwwert hir perséinlech Situatioun erzielen, sinn net vum Lobbyregister betraff.

Hei fannt dir den original deposéierten Text, ënnendrënner de gestëmmten Text, an do ënnendrënner d’Resultat vum Vott an der Chamber:

Déposé Gestëmmte Text Votteresultat

De Video zum Vott an der Chamber fannt dir hei: https://www.chd.lu/ArchivePlayer/video/3492/sequence/188248.html

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene