Resolutioun fir ee Verfassungsreferendum

Context:Proposition de révision du chapitre VI. de la Constitution

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • dass all d’Parteien an hirem Walprogramm 2018 ee Verfassungsreferendum gefuerdert hunn;
  • dass d’Petitioun fir ee Verfassungsreferendum innerhalb kierzter Zäit d’Limitt vun de 4’500 Stëmmen iwwerschratt huet;
  • dass de Premier a senger Ried zum Etat de la Nation sot, “d’Politik muss de Bierger nolauschteren”.

Aus dëse Grënn decidéiert d’Chamber vun den Deputéierten :

  1. ee Referendum fir d’Biergerinnen a Bierger zu de véier proposéierte Verfassungsännerunge (n°7575, 7700, 7755 an 7777) déi der Chamber virléien, z’organiséieren.

Dës Resolutioun gouf mat de Stëmmen vun CSV, DP, LSAP an Déi Gréng ofgeleent.

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen