D’Pirate si fir eng Autosvignette

Wärend de Chambersdiskussioune ronderëm de Klima– an Energieplang vun der Regierung, hunn d’Piraten eng Motioun agereecht, an der mir fuerderen, dass d’Benotzung vum Auto soll besteiert ginn an net de Besëtz. Wéi an eisem Programm ugekënnegt fuerdere mir dofir eng Autosvignette anzeféieren.

Mat dëser Stroossen-Vignette ass et méiglech, dass jiddwereen op eisem Stroossennetz besteiert gëtt, baséiert um reellenCO2-Ausstouss a wéi oft e fiert.

Konkret: déi aktuell Autossteier fält ewech. Dofir bucht ee Fuerer bequem via App déi Deeg wou ee fuere well pro Dag, Woch, Mount oder Joer. Fir déi Leit, déi keen Internetuschloss hunn,kann d’Vignette wéi eng Prepaidkaart einfach op all méigleche Verkafspunkt ze kafe sinn. D‘Vignette, a Form vun engem QR Code, ass liéiert un d‘Nummereschëld. Bei enger Kontroll gesäit ee Polizist dann iwwert seng Plaque, dass d’Steier bezuelt ass. 

D’Héicht vun der Steier hänkt dovun of, wéi vill de Motor un Emissioune reell produzéiert a wéi oft den Auto benotzt wäert ginn.

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen