D’Deputéiertechamber stellt fest:
- De Marrakesch-Traité an d’EU-Direktive 2017/1564 gesinn eng Harmoniséierung vu veschidden Aspekter vun Droit d’Auteur vir an dat zu Gonschte vu Persounen, déi en visuellen Defizit hunn;
- De Gesetzesprojet 7352 leet fest, dass Entreprise Publicitéit fir dëse Service maache sollen. Dëst ass bis ewell déi eenzeg Méiglechkeet, déi d’Bierger hunn, fir ze wëssen, dass d’Entreprise engersäits berechtegt sinn des Wierker un de Beneficiaire weider ze ginn an dass se iwwerhaapt am Besëtz vu Wierker am spezielle Format sinn;
- De Gesetzesprojet 7352 ernimmt net, wéi d’Bierger Kenntnis vun de geneemegten Entreprise oder den disponibele Wierker am spezielle Format sollen hunn;
- Ugesiichts vun de viregen Constaten, wär et sënnvoll een Zentralregëster ze hunn, wou d‘Informatiounen iwwert all berechtegt Entreprisen an och d’Wierker, déi se op Stock hunn, oplëscht, fir de Bierger d’Méiglechkeet ze ginn sech selwer ze renseignéieren, wou se u Wierker am accessibele Format kommen, esou wéi dat zum Beispill an der Schwäiz de Fall ass;
Aus dëse Grënn invitéiert d’Deputéiertechamber d’Regierung:
- een zentraliséiert Regëster opzestellen, wou d‘Informatiounen iwwert all berechtegt Entité autorisée an och d’Wierker, déi op Stock sinn, oplëscht, fir de Bierger de Accès op des Donnéeën ze vereinfachen.
Dës Motioun gouf an d’Wirtschaftskommissioun verwisen. Do gouf se de 4.03.21 thematiséiert an de Minister huet Progrèse versprach. Och ass versprach, dass an engem Joer eng Evaluatioun vum Progrès soll gemaach ginn.