Wärend de Chambersdiskussioune ronderëm de Klima– an Energieplang vun der Regierung, hunn d’Piraten eng Motioun agereecht, an der mir d’Regierung opfuerderen aus dem Geschäft mat de Bëllegflaggen auszesteigen. Wéi aus eiser parlamentarescher Fro ervirgeet, fueren aktuell 216 Schëffer op der ganzer Welt ënnert der lëtzebuergescher Flagg.
D’Pirate verlaangen: Schluss mam Geschäft mat de Bëllegflaggen!
