Wéi aus dem Etiquetage vun Enovos vun 2018 ervirgeet, huet den nationale Stroummix 2018 zu 10,4% aus Atomstroum an zu 34,0% aus fossiller Energie bestanen. D’Enovos selwer bitt hiren eegenen Zuelen no all hire Clienten e Stroummix un, deen zu 35,2% aus Fossillenergien an zu 9,4% aus Atomstroum besteet. National sollen 2018 duerch d’Notzung vu fossillen Energien esou ronn 215 g CO2 pro Kilowattstonn produzéiert gi sinn. Wann een des Zuele mat deem Elektroauto, deen dëst Joer zu Lëtzebuerg am meeschten ugemellt gouf (dem Tesla Model 3), a Verbindung setzt, erginn sech fir deen Auto, dee ronn 21 kWh/100km brauch, CO2-Emissioune vu 45g pro Kilometer, falls seng Batterie mat Stroum aus dem nationale Stroummix geluede ginn ass. De Staat kontrolléiert d’ENCEVO S.A. direkt an indirekt zu 58,9 an d’Regierung verfollegt, wéi aus dem Regierungsaccord ervir geet, d’Zil bis 2030 den Undeel vun Elektroautoen op 50% ze erhéijen.
An deem Zesummenhang huet de Sven Clement de Ministere fir Wirtschaft, Energie & Mobilitéit dës Froe gestallt:
- Kann d’Regierung fir 2019 d’Zuele vum nationale Stroummix well verëffentlechen? Wéi hunn sech d’Wäerter am Verglach zu 2018 verännert?
- Wéi vill kWh Stroum goufen an de leschten 10 Joer (opgeschlësselt no Joer) zu Lëtzebuerg consomméiert?Wéi vill kWh Stroum dovu ginn ob d’Consommatioun vun Elektroautoen zeréck?
- Wéi héich gëtt den zousätzleche Stroumverbrauch geschätzt, deen duerch d’Ziel vu 50% Elektroautoen bis 2030 ze erwaarten ass?
- Virum Hannergrond vum Zil, fir an Zukunft keen Atomstroum méi ze benotzen a fossil Energien ze reduzéieren, an dem gläichzäiteg wuessende Stroumverbrauch duerch Elektroautoen: Wéi wëll d’Regierung dës Zieler areechen a gläichzäiteg d’Versuergungssécherheet vun den Awunner garantéieren?Wéi vill nei Kapassitéite fir erneierbar Energië missten zu Lëtzebuerg gebaut ginn, fir den Energiebesoin vum Land ouni Atomkraaft a fossil Energien ofzedecken?
- Huet d’Regierung, respektiv hier Vertrieder bei ENCEVO respektiv den Duechtergesellschaften, gefrot, fir den Undeel un Atomstroum, respektiv Stroum aus fossillen Energieträger, ze reduzéieren?
- Wéi vill kWh-Peak un neien Anlage fir regenerativ Energië sinn aktuell zu Lëtzebuerg geneemegt, mee nach net gebaut?
- Wéi vill kWh-Peak u regenerativen Energië kënnen haut schonns zu Lëtzebuerg erzeugt ginn?
- Aus wéi enge Länner gouf de feelende Stroum, dee Lëtzebuerg net selwer hierstelle konnt, (opgeschlësselt pro Joer a Land), an deene leschten 10 Joer importéiert?