Speziell Nummereschëlter fir Elektrogefierer?

U waarmen Deeg gëtt d’Vitesslimitatioun ob den Autobunnen oft ob 90km/h erofgesat. Och Elektroautoen, déi eigentlech net zu enger Erhéijung vun den Ozonwäerter bäidroen, mussen sech un dës Limitt halen. Dat geet aus der Äntwert vum Mobilitéitsminister op d’parlamentaresch Fro Nummer 960 vum Deputéierte Marc Goergen ervir, an där hie schreift, datt ënnerschiddlech Vitesslimitatioune fir Elektro-Gefierer net duerchsetzbar wieren, well souwuel d’automatiséiert Radare wéi och d’Agente vun der Police keen Ënnerscheed kéinte maachen. Do dernieft wier et fir auslännesch Automobiliste schwéier ofzeschätzen, wien wéi séier fueren dierf.
Verschidde Länner, wéi zum Beispill Norwegen an Däitschland, hunn et awer scho virgemaach an hunn fir Elektroautoe besonnesch Immatrikulatiounsplacke reservéiert, mat deenen duerch en zousätzleche Buschtaf “E” oder eng speziell Faarf op den éischte Bléck ersiichtlech gëtt, ob et sech em en Elektrogefier oder em en Transportmëttel mat klasseschem Verbrennungsmotor handelt.
Dëst virun allem virum Hannergrond vu Kontrollen an Zonen, an deene just Autoe fueren dierfen, déi manner wéi X Gramm CO2 pro Kilometer ausstoussen, respektiv vu vereinfachte Kontrollen op Parkplazen, déi fir Elektrogefierer reservéiert sinn.

An deem Zesummenhang huet de Sven Clement dem Minister dës Froe gestallt:

  • Deelt de Minister d’Opfaassung, datt esou besonnesch Placke kéinten zu enger besserer Visibilitéit vun Elektroautoen am Alldag bäidroen?
  • Géif eng Propose fir d’Aféierung vu spezielle Placke fir Elektrogefierer d’Ënnerstëtzung vun der Regierung fannen?
  • Ass d’Regierung bereet, sech nieft enger nationaler Léisung och fir eng europäesch harmoniséiert Léisung fir d’Kennzeechnung vun Elektrogefierer anzesetzen?
  • Ënnerstëtzen déi haut vun der Police agesate Radaren e Filtrage no Plackennummer oder Plackentyp? Falls jo: Gëtt dës Filtrage-Funktioun well benotzt fir verschidde Placken (z.B. déi vu Gefierer am Noutdéngscht) erauszefilteren?

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat