Wéi huet Luxtram et mam Gesetz?

D’Piraten hunn de Ministere fir Finanzen & Aarbecht eng parlamentaresch Fro zum Fonctionnement an Entreprise mat staatlecher Bedeelegung gestallt.

Am Folgende fannt där den Text zu eiser Fro.

Am groussherzoglechen Arrêté vum 11. August 1974 gi Firmen opgelëscht, bei deenen de Staat méi wéi 25% vum Kapital hält. Nom Artikel L.426-1 (2) vum Code du travail mussen d’Entreprisë vun dëser Lescht e Member vun der Personaldelegatioun an de Verwaltungsrot integréieren. No Medieberichter vum Radio 100,7 ass dëst awer – zumindest an der Vergaangenheet – bei Luxtram S.A. net de Fall gewiescht an och 17 weider Gesellschafte ginn, obwuel de Staat méi wéi 25% vum Kapital vun dëse Firmen hält, net am groussherzoglechen Arrêté vum 11. August
1974 opgelëscht.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Kënnen d’Ministeren d’Informatioune vum Radio 100,7 confirméieren?
  • A wéi vill Firmen hält de Staat 25 oder méi Prozent vum Kapital? Bei wéi villen dovunner ass e Vertrieder vun der Personaldelegatioun am Verwaltungsrot? Bei wéi engen net?
  • Wéi vill Firmen, a wéi eng, hunn zwar e Member vum Personal am Verwaltungsrot, mee sinn net am groussherzoglechen Arrêté vum 11. August 1974 opgelëscht?
  • Wéi kann et sinn, datt Firmen, an deene Vertrieder vum Staat am Verwaltungsrot setzen, well se 25 oder méi Prozent vum Kapital representéieren, sech net u geltend Gesetzer wat d’Vertriedung vum Personal am Verwaltungsrot ugeet halen?
  • Sinn d’Ministeren der Meenung, datt de Staat als bedeitenden Aktionär bei dëse Firmen intervenéiere muss, fir esou séier wéi méiglech eng Konformitéit mam Gesetz hierzestellen? Wéi séier kann dëst geschéien?
  • Wéi gesinn d’Ministeren dëse Verstouss géint d’Aarbechtsgesetz virum Hannergrond vun de Sozialwalen vum 12. Mäerz?

Mat déiwem Respekt,
Sven Clement
Député

Zesummenhang posts

 D’Ukrain-Kontaktgrupp huet sech eng leschte Kéier zu Ramstein getraff, ier den Donald Trump nees säin Amt untrëtt. Dës Grupp war an der Vergaangenheet zentral
An Däitschland gëtt d’Gewaltschutzgesetz verstäerkt an et gëtt e neit Gewalthëllefegesetz ausgeschafft. Zu Lëtzebuerg weisen d’Statistiken, dass et och bei eis Handlungsbedarf gëtt: eleng
Duerch politesch Ëmwälzungen a Syrien huet d’Lëtzebuerger Regierung temporär d’Beaarbechtung vun Asylunträg vu syresche Staatsbierger ausgesat. Familljenzesummeféierunge sinn awer weiderhi méiglech, wéi den Inneminister